McLaren presentéiert den MCL60
McLaren huet e Méindeg den Owend als sechsten Ecurie, hiren neien Auto fir déi nei Saison presentéiert.
Zu Woking an der Fabrick vun der Ecurie McLaren gouf den neien Auto presentéiert.
No Alfa Romeo huet och McLaren en richtegen Auto presentéiert an net nëmmen eng Lackéierung. Den kompletten hënneschten Deel vum Auto gouf iwwerschafft an och Säitekëschten hunn eng aner Form wéi beim Virgänger. En aerodynameschen Usaz, deen een bis elo esou nach net gesinn huet.
Den néien Auto heescht MCL60. Dësen Numm kënnt net vun ongeféiert, well 1963 gouf d’Ecurie gegrënnt also virun genau 60 Joer. Vläicht gëtt et dëst Joer net nëmmen dësen Anniversaire ze feieren, mä och deen eng oder aner Victoire. 2021 huet McLaren dee leschten Grand Prix gewonnen. Deemools ass den Daniel Ricciardo zu Monza als éischten iwwert d’Arrivée gefuer. De Lando Norris konnt zwar lescht Saison keng Victoire feieren, mä hie war deen eenzegen net Red-Bull-, Ferrari- oder Mercedes-Pilot, deen um Podium stoung.
De Britt huet vun dëser Saison en neien Teamkolleeg, nodeems den Daniel Ricciardo als Ersatzpilot zréck bei Red Bull gewiesselt ass. Den Australier Oscar Piastri huet, obwuel hien nach keen Grand Prix gefuer ass, schonn de leschte Summer vill vu sech schwätze gedoen. Deemools war jo nach net kloer, ob hie fir Alpine oder McLaren géif un den Depart goen. Et kann een gespaant sinn, wéi den 21 Joer ale Rookie sech an sengem éischte Joer an der Kinneksklass vum Automobilsport wäert presentéieren.
Net nëmmen am Cockpit gëtt et e Changement, mä och um Kommandostand. Néien Teamchef ass den Andrea Stella, deen den Andreas Seidl un der Boxemauer ofléisst. Och hei kann e gespaant sinn, wéi den Italiener sech wäert aus der Affär zéien, well et ass seng éischte Saison mat esou enger Responsabilitéit.
Déi lescht Saison koum McLaren hannert Alpine op déi 5. Plaz an der Konstrukteursweltmeeschterschaft.