Aston Martin F1 Team: Nei Fabrick, neien Auto, neie Pilot
Bei Aston Martin soll dës Saison de Knuet platzen. Den neien Auto AMR23 an den neie Pilot Fernando Alsonso goufen an der neier Fabrick presentéiert.
D’lescht Saison huet fir Aston Martin katastrophal ugefaangen. Am Laf vum Joer goung et dunn zwar biergop, mä eng 7. Plaz an der Constructeurs-Weltmeeschterschaft war net dat, wat d’Direktioun vun der F1-Ecurie sech erwaart huet. 2023 soll de Knuet endlech platzen. Esou gouf sech am Laf vum Joer virun allem personell verstäerkt. Ongedëlleg waart déi ganz Equipe och drop, fir an hir nei Fabrick zu plënneren. Dat soll an den nächste Méint geschéien. Um Méindegowend gouf um zukünftegen „Aston Martin Silverstone Campus“ schonn emol den Auto fir 2023 presentéiert.
AMR23: „Konsequent Weiderentwécklung“
D’Ingenieuren hätte sech an der Wanterpaus jiddwer problematesche Beräich vum AMR22 virgeknäppt, esou den Technikchef Dan Fallows: „95 Prozent vum Auto sinn nei“. Op den éischte Bléck gesäit den AMR23 awer éischter no Evolutioun wéi Revolutioun aus. A verschidden Detailer, wéi beim ënneschten Deel vun der Airbox, hunn och d’Aston-Martin-Ingenieure sech wuel um Weltmeeschterauto RB18 inspiréiert. Donieft gouf den ënneschte Buedem un déi nei Aerodynamik-Reegelen ugepasst.
Mike Krack: „Direkt konkurrenzfäeg sinn“
D’Erwaardunge si grouss. De Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack: „Mir hunn an der zweeter Hallschent 2022 gewisen, dass mir eis verbessere kënnen, wa mir haart schaffen. Dëst Joer muss et eist Zil sinn, eis ganzt Potential scho bei den éischte Meter um Circuit ze weisen. Mir musse staark ufänken an dee Momentum da bäibehalen.“
Fernando Alonso: „Grouss Ambitiounen“
Fir zousätzlechen Drock wäert och sécher den neie Pilot am Team suergen. Nodeems de Sebastian Vettel seng F1-Pensioun annoncéiert huet, huet Aston Martin sech d’Servicer vum duebele Weltmeeschter Fernando Alonso geséchert. Och de Spuenier ass motivéiert: „Den AMR23 gesäit extrem effizient aus. Ech war positiv iwwerrascht, wou ech den Auto vum leschte Joer getest hunn. Do stécht vill Potential dran, déi mir elo zesummen deblockéiere mussen.“
Zweeten Aston-Martin-Pilot ass wéi déi lescht zwee Joer de Lance Stroll. Deen huet iwwregens bei der Presentatioun verroden, dass hien an der Vergaangenheet éischter Fan vum Michael Schumacher wéi vum Fernando Alonso war …