Ferrari SF-23: Vun der Bün direkt op de Circuit
Ferrari huet d’lescht Joer ze vill Feeler gemaach. Dëst Joer soll et besser lafen. Déi offiziell Presentatioun war schonn emol e Volltreffer.
Et war sécher déi emotionaalsten Presentatioun, déi mir bis elo dës Saison gesinn hunn. Et war weder e stonnelaange Marketing-Blabla nach eng opwänneg virproduzéiert Videoshow. Den neie Ferrari gouf ganz einfach um Testcircuit vu Fiorano virgestallt, an dat a Präsenz vu 500 Tifosi. Déi hu fir eng eemoleg Ambiance gesuergt. Fir unzefänken, hu si déi italieenesch Nationalhymne gesongen, an hunn duerno och d’Pilote Leclerc a Sainz ëmmer erëm ugefeiert An den neie F1-Ferrari gouf net nëmme statesch gewisen – e gouf och direkt op de Circuit gelooss. Béid Piloten hunn zesumme 15 Kilometer um offizielle Ferrari-Testcircuit däerfen absolvéieren. Net nëmme fir d’Fans, och fir d’Pilote war dat e besonnescht Erliefnis. De Charles Leclerc:
"Eist Team huet esouvill Aarbecht an den neien Auto investéiert. An et ass wierklech opreegend, den Auto elo fir déi éischte Kéier ze gesinn. Et war fantastesch haut schonn zu Fiorano domadder ze fueren, an déi Erfarung mat eise Fans an eise Partner ze deelen. Mä mir mussen déi éischt richteg Testronnen ofwaarden, fir ze wëssen, wou mir stinn."
Neien Teamchef: Frédéric Vasseur
Et war och den éischte groussen Optrëtt vum neien Teamchef Frédéric Vasseur. Nodeems d’Scuderia sech d’lescht Joer ënner Wäert geschloen huet, a virun allem a Saache Strategie dacks versot huet, huet de Mattia Binotto senger Wee misste goen. E gouf eben duerch de Fransous Vasseur ersat, dee bis d’lescht Joer CEO an Teamchef bei Sauber-AlfaRomeo war. Soss si personell Changementer bis elo ausbliwwen. De Frédéric Vasseur huet sech déi lescht fënnef Woche fir d’éischt emol en Iwwerbléck verschaaft:
"Mir hu vill gutt Leit hei, an Motivatioun am ganzen Team ass grouss. Mir hunn zwee talentéiert Piloten, déi allebéid gewanne wëllen an och kënnen. Mir wëllen dëst Joer Champion ginn. Mä dat ass net einfach, well eis Géigner hu genee dat selwecht Zil. Dofir musse mir ëmmer erëm dru schaffen, fir muer besser ze si wéi haut."
Dofir huet d’Scuderia iwwert de Wanter och hir Strategie-Software an hir Decisiouns- a Kommunikatiounsprozesser um Circuit iwwerschafft.
Neien Auto: méi schwaarz, méi equilibréiert, méi zouverlässeg?
Natierlech ass och den neie Ferrari rout. Mä dat ass net déi ganz Wourecht. Virun allem ënnen erëm a bei de Spoilere gesäit ee beim SF-23 relativ vill plakege Karbon. Wéi vill aner Teams oc, probéiert Ferrari esou, fir Gewiicht ze spueren.
Aerodynamesch ass déi nei "Macchina" eng Weiderentwécklung vum F1-75. Déi elegant Grondform vum Virgänger gouf bäibehalen. D’Säitekëschte sinn dëst Joer awer e bësse méi staark ageschnidden. Deen Trend ass bis elo bei quasi all 2023er Auto ze gesinn. Och de viischte Spoiler ass elo aneschters geformt: dat ënnescht Element ass net méi direkt mat der Nues verbonnen. Wéi déi 12 Polepositions weisen, war de Virgänger op engem Tour schonn extrem séier. Mä iwwert d’Distanz huet de Package net funktionéiert. Den neien Auto soll dofir besser equilibréiert sinn an d’Pneuen méi schounen.
D’Ingenieuren zu Maranello hu sech och intensiv mat der Zouverlässegkeet beschäftegt. Rumeure soen, datt déi italieenesch Power-Unit elo esou zouverlässeg wär, datt een se méi ausreize kann. Dat géif 30 Extra-PS mobiliséieren. De Frédéric Vasseur huet déi Informatioun awer als "Witz" bezeechent.