Mercedes-AMG fiert dës Saison erëm schwaarz!
Mercedes-AMG stellt säin neie F1-Auto vir. Nodeems de sëlwrege W13 d'lescht Joer kee Gléck bruecht huet, ass de W14 elo erëm schwaarz.
Déi nei Faarf huet awer net nëmme mat de schlechte Resultater vun 2022 ze dinn. Wéi den Toto Wolff erkläert, muss och Mercedes-AMG dës Saison all Gramm spueren. Dofir hätt een decidéiert, beim W14 komplett op eng Lackéierung ze verzichten. Et gesäit een also de plakege Karbon. Fir den Teamchef Wolff widderhëlt sech domadder d’Geschicht. Déi legendär "Silberpfeile" am Aluminium-Look gouf et nëmmen, well d’Virkrichs-Mercedes ze schwéier waren an déi wäiss Faarf erofgekraazt gouf. 2020 an 2021 huet Mercedes säi F1-Auto als Statement fir méi Diversitéit (Stéchwuert "black lives matter") schwaarz lackéiert, dës Joer hu virun allem Performance-Grënn den Ausschlag ginn.
Mercedes-AMG W14: Vill Verbesserungen am Detail
Wärend déi meescht Géigner sech bei hiren neien Autoen um Red Bull RB18 inspiréiert hunn, hält Mercedes-AMG u sengem extremen an eegewëllegen Aerodynamik-Konzept fest. Keng aner Ecurie baut esou schmuel Säitekëschten. Den neie W14 gesäit sengem Virgänger W13 extrem änlech. Den techneschen Direkter Mike Elliott erkläert, dass vill kleng Detailer verbessert goufen. De gréisste Problem 2022 war déi schlecht Balance vum Auto. Dat wëllen d’Mercedes-Ingenieure mam W14 besser hikritt hunn. Siichtbar Modifikatioune gëtt et ënnert anerem beim viischte Spoiler. Deen hat Mercedes schonn d’lescht Saison entwéckelt, mä d’Fixatiounen tëscht den eenzelen Elementer waren deemools nach net ganz reegelkonform. Mëttlerweil gouf d’Reglement an deem Punkt geännert, esou dass dee Spoiler-Design dës Saison legal ass.
George Russell: "Hei fir ze gewannen"
D’Pilote sinn natierlech vun hirem neien Aarbechtsgeschier begeeschtert. De Lewis Hamilton seet, hien hätt 2022 (seng éischte F1-Saison ouni eenzeg Victoire) ofgehaakt, an e géif sech elo op déi nei Saison freeën. Och säin Teamkolleeg George Russell, deen d’lescht Joer a Brasilien déi eenzeg Mercedes-Victoire 2022 feiere konnt, hofft, dass seng Ecurie dëst Joer erëm ganz vir matfuere kann: "Mir sinn all hei fir ze gewannen", esou de jonke Britt.
Neien drëtte Pilot bei Mercedes-AMG ass de Mick Schumacher. Hien souz bei der Presentatioun gläichberechtegt nieft Hamilton a Russell, wat seng Bedeitung am Mercedes-Team ënnersträicht. Op de Mick Schumacher dës Saison eng Course fuere kann? Dozou gouf et dëse lëschtegen Dialog bei der Presentatioun:
Toto Wolff: "Ech hoffe jo net, dass ee vun eise Piloten eng Fëschvergëftung kritt..."
Lewis Hamilton: "Ech iesse kee Fësch"
Presentatrice: "De Virdeel wann ee vegan ass…"
Toto Wolff: "Dann eben eng Avocadovergëftung!".
D’Laun beim Mercedes-Team ass deemno gutt. Direkt no der Presentatioun geet et op de Circuit vu Silverstone fir den éischten 100-Kilometer-Test. Déi nächst Woch wäert Mercedes-AMG dann zesumme mat den aneren Teams bei den offiziellen F1-Tester am Bahrain ënnerwee sinn.