E Sonndeg war am Bahrain den Optakt vun der neier Formel-1-Saison an do gouf et direkt eng Victoire vum amtéierende Weltmeeschter.

De Max Verstappen ass vun der Pole aus an d'Course gaangen an huet seng 1. Positioun dann och bis zum Schluss net méi ofginn.

Beim Start konnt sech iwwerdeems de Charles Leclerc vun der drëtter op déi zweet Plaz no vir schaffen an huet domat op d'mannst ee Red Bull hannert sech gelooss.

Am Mëttelfeld gouf et vill enk Dueller, dat well d'Fuerer hei immens no beienee louchen. Hannert de Spëtzt gouf et donieft d'Duell Mercedes géint Fernando Alonso.

Iwwerdeems de Max Verstappen sech un der Spëtzt ofsetze konnt an an enger eegener Liga gefuer ass, huet och de Sergio Perez am zweete Red Bull gewisen, datt hiren Auto dee séiersten ass, well an der 26. Ronn huet de Mexikaner sech déi zweet Plaz vum Charles Leclerc zeréckgeholl.

An der 41. Ronn war dunn och Schluss fir de Charles Leclerc. Wéinst technesche Problemer huet de Monegass d'Course missen opginn. Bis dohinner louch hien nach ëmmer op der drëtter Plaz.

Nodeems de Fernando Alonso nom Depart wäit zeréckgefall war, huet hie sech wärend der Course no an no no vir geschafft an huet sech esouguer nach eng Podiumsplaz geséchert.

D'Course gëtt um Enn nämlech gewonne vum Max Verstappen, dat viru sengem Teamkomerod Sergio Perez an déi drëtte Plaz goung eben un de Fernando Alonso am Aston Martin. Et ass dann och den éischte Podium fir de Mike Krack als Teamchef vun Aston Martin.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 GULF AIR BAHRAIN GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023