An der Formel 1 ass et dëse Weekend de Grousse Präis vun Australien. E Samschdeg de Moie fréi war zu Melbourne d'Qualifikatioun.

Den amtéierende Weltmeeschter Max Verstappen ass am Qualifying virum Grousse Präis vun Australien déi séierste Ronn gefuer mat enger Zäit vun 1:16,732 Minutten. Fir hien ass et antëscht schonn déi 22. Pole Position a senger Karriär, ma et ass déi éischt Pole an Australien.

Domat huet de Verstappen den George Russell op Mercedes op déi zweet Plaz gedrängt mat engem Réckstand vun 0,236 Sekonnen. Drëtte gëtt de Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton, och op Mercedes.

An der WM-Wäertung läit de Max Verstappen ee Punkt viru sengem Teamkolleeg Sergio Perez. Beim zweete Red-Bull-Pilot ass de Qualifying alles anescht wéi gutt gelaf. No nëmmen néng Minutten huet missen ënnerbrach ginn, well de Perez an der Kéier 3 an de Kiselsteng gelant ass. E méi wéi onzefriddene Perez huet betount, et wier "ëmmer dee selwechte Problem", et misst eppes gemaach ginn.

Schonn am drëtten Training hat de Mexikaner Problemer a war dräi Mol vun der Streck geroden. Hie muss e Sonndeg an der Course vun der leschter Positioun starten.

Saison-Kalenner 2023

31. Mäerz bis 2. Abrëll: FORMULA 1 ROLEX AUSTRALIAN GRAND PRIX 2023
Melbourne Grand Prix Circuit - Australien

28. bis 30. Abrëll: FORMULA 1 AZERBAIJAN GRAND PRIX 2023
Baku City Circuit - Aserbaidjan

5. bis 7. Mee: FORMULA 1 CRYPTO.COM MIAMI GRAND PRIX 2023
Miami International Autodrome - USA

19. bis 21. Mee: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS GRAN PREMIO DEL MADE IN ITALY E DELL'EMILIA-ROMAGNA 2023
Autodromo Enzo e Dino Ferrari - Italien

26. bis 28. Mee: FORMULA 1 GRAND PRIX DE MONACO 2023
Circuit de Monaco - Monaco

2. bis 4. Juni: FORMULA 1 AWS GRAN PREMIO DE ESPAÑA 2023
Circuit de Barcelona-Catalunya - Spuenien

16. bis 18. Juni: FORMULA 1 PIRELLI GRAND PRIX DU CANADA 2023
Circuit Gilles-Villeneuve - Kanada

30. Juni bis 2. Juli: FORMULA 1 GROSSER PREIS VON ÖSTERREICH 2023
Red Bull Ring - Éisträich

7. bis 9. Juli: FORMULA 1 ARAMCO BRITISH GRAND PRIX 2023
Silverstone Circuit - England

21. bis 23. Juli: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS HUNGARIAN GRAND PRIX 2023
Hungaroring - Ungarn

28. bis 30. Juli: FORMULA 1 BELGIAN GRAND PRIX 2023
Circuit de Spa-Francorchamps - Belsch

25. bis 27. August: FORMULA 1 HEINEKEN DUTCH GRAND PRIX 2023
Circuit Zandvoort - Holland

1. bis 3. September: FORMULA 1 PIRELLI GRAN PREMIO D’ITALIA 2023
Autodromo Nazionale Monza - Italien

15. bis 17. September: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2023
Marina Bay Street Circuit - Singapur

22. bis 24. September: FORMULA 1 LENOVO JAPANESE GRAND PRIX 2023
Suzuka International Racing Course - Japan

6. bis 8. Oktober: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2023
Lusail International Circuit - Katar

20. bis 22. Oktober: FORMULA 1 LENOVO UNITED STATES GRAND PRIX 2023
Circuit of The Americas - USA

27. bis 29. Oktober: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2023
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexiko

3. bis 5. November: FORMULA 1 ROLEX GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2023
Autódromo José Carlos Pace - Brasilien

17. bis 19. November: FORMULA 1 HEINEKEN SILVER LAS VEGAS GRAND PRIX 2023
Las Vegas - USA

24. bis 26. November: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2023
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi