Wat war dat e Sonndeg eng Course an der Formel 1. Nieft enger hektescher Ufanksphas war et zum Schluss vum Grousse Präis vun Australien richteg chaotesch.

No der éischter Victoire vum Max Verstappen op Red Bull zu Melbourne goufe sech eng Rei Froe gestallt. Stoung de Weltmeeschter bei engem Restart ze wäit a senger Startbox an hätt d'Klassement um Enn net missen anescht sinn.

Formel 1 no Chaos-Course/Reportage Yannick Zuidberg

D'Evenementer hu sech zum Schluss iwwerschloen. An der 55. vun 58 Ronnen koum e roude Fändel, well de Kevin Magnussen um Haas mam hënneschte Pneu d'Mauer beréiert hat an den Auto net méi konnt virufueren. Et war schonn deen zweete Roude Fändel an dëser Course. Beim Restart hunn dunn eng Rei Leit gemengt, de Red Bull mat der Nummer 1 vum Max Verstappen wär an der Startbox ze wäit no vir gefuer. An den zwou éischte Coursse goufen et jo an deem Kontext bei zwee anere Piloten och schonn Diskussiounen.

"Opgrond vun deem, wat mam Ocon a mam Alonso geschitt ass, kuckt een natierlech elo méi genee, wéi d'Piloten an der Grille de départ stinn. Ech muss och soen, et huet och ganz verdächteg ausgesi beim Verstappen, mä ech muss awer soen, den Hollänner stoung richteg, dat hunn herno Fotoe bewisen, déi an de sozialen Netzwierker opgetaucht sinn, an et war Limit, mä korrekt.", esou den RTL-Formel-1-Commentateur Tom Hoffmann.

Bei deem Restart koum et dunn direkt nees zu Kollisiounen am ganze Feld an et gouf nees e roude Fändel. Vir waren awer Verstappen, Hamilton, Sainz an Hülkenberg nach gutt duerch dat Ganzt komm, éier et eng weider Ënnerbriechung gouf. Duerch eng 5 Sekonnestrof vum Carlos Sainz op Ferrari hätt den Nico Hülkenberg op Haas esouguer op de Podium no vir kënne réckelen. Haas hat och Protest géint dat spéidert Schlussklassement ageluecht. Dee gouf awer ofgeleent.

"Dat Ganzt war wierklech chaotesch, mä bei roudem Fändel ass d'Prozedur eigentlech kloer, well wann deen erauskënnt, missten d'Pilote sech eigentlech esou opstelle wéi d'Positioun zu deem Moment war, wéi d'Course ënnerbrach ginn ass, sou steet et jiddwerfalls kloer am Artikel 57.3 vum sportleche Reglement an hei war et wierklech schued fir den Hülkenberg, deen aus deem Grond de Podium verpasst huet."

Um Enn konnt also de Weltmeeschter Max Verstappen seng éischt Victoire Down Under feieren, virun deenen zwee fréiere Weltmeeschter Lewis Hamilton op Mercedes a Fernando Alonso op Aston Martin.