No 3 Weekender ouni Formel 1 kënne mer dovunner ausgoen, datt d'Ekippen alles dru gesat hunn, hir Autoe weider ze verbesseren.

An der Formel 1 gëtt et beim Grousse Präis vum Aserbaidjan zu Baku e Format, dat nees e bësse geännert huet. Et ass jo e Sprint-Weekend, dee kenne mer schonn zanter deene leschten zwou Saisonen, Ma dës Kéier gëtt et do awer nach eppes Neies.

Formel-1-Virschau fir Baku / Reportage Sam Rickal

Ronn e Mount hunn d'Ferventen vun der Formel 1 tëscht der leschter Course Ufank Abrëll an Australien an eben elo dem Grand Prix e Sonndeg am Aserbaidjan misse waarden. Elo geet et awer mat engem richteg anstännegen Tempo bis bei d'Summervakanz weider. Zu Baku gëtt et dann um Sprint-Weekend effektiv eng Neierung, wéi den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly erkläert:

"Freides Moies gëtt et nach een eenzege fräien Training. Freides mëttes gëtt et da seriö mat der Qualifikatioun fir de Grand Prix um Sonndeg. Samschdes gëtt et dann en eegestännegt Evenement mat der Sprint-Qualifikatioun, déi esou änlech ofleeft, wéi déi gewinnte Qualifikatioun mat Q1, Q2 a Q3, déi awer just e bësse méi kuerz sinn. An da mëttes d'Sprint-Course: 100 Kilometer, déi 8 éischt kréie Punkten.

Et war elo dräi Weekender keng Course. Et kann ee ferm dovun ausgoen, datt an de Fabricken an de leschte Woche versicht gouf, d'Autoen e gudde Krack no Vir ze bréngen:

"Vu Ferrari a Mercedes wësse mer, datt se u gréisseren Updates schaffen. Mä och all déi aner Ecurië wäerte sech d'Fro gestallt hunn, wou se hiren Auto verbessere kënnen. Déi grouss Fro ass just, wéini sinn déi Updates fäerdeg. Kommen déi elo schonn zu Baku? Ech tippen éischter drop, datt mer zu Baku méi kleng Modifikatiounen ze gesi kréien, an déi gréisser Changementer ginn ech dovun aus, datt mer déi Mëtt Mee gesinn, also zu Imola beim éischten Europa-Grand Prix."

Dräi Coursse si bis elo an der Saison gefuer. Red Bull huet den Optakt dominéiert. Et ass awer sécher, datt d'Ecurie mam Weltmeeschter Max Verstappen a mat deem sengem Equipier Sergio Perez d'Féiss elo net einfach héich geluecht huet:

"Och e gudden Auto kanns de verbesseren. Och de Red Bull ass net perfekt. Boîte, Kupplung, dat si wuel déi Beräicher, mat deene sech Red Bull intensiv beschäftegt huet."

Den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly geet awer dovun aus, datt Red Bull och weiderhin den Toun ugëtt, datt Aston Martin, Mercedes a Ferrari awer vläicht e Stéck erukommen Am Mëttelfeld dierft et no där laanger Paus e puer Changementer an der Hierarchie ginn.

A bei der RTL-Formel-1-Ekipp ass d'Paus och definitiv eriwwer. Den eenzege fräien Training ass op rtl.lu an op rtlplay. Duerno ass d'Qualifikatioun e Freideg de Mëtteg um 15 Auer, de ganze Sprint-Samschdeg mat Qualifikatioun, dem sougenannte Shootout moies um 10.20 Auer, dem Sprint mëttes um 15.20 Auer an de Grand Prix e Sonndeg mam Virprogramm vun 12.15 Auer un, och op Tëlee Lëtzebuerg, wéi gewinnt op RTL Zwee.