Gutt eng Woch virum grousse Präis vun der Emilia-Romagna stemmt sech déi italieenesch Politik géint e méiglecht Aus vun der Traditiounsstreck vun Imola.

"Resignatioun gehéiert net zum Charakter vun eiser Regioun", esou de Michele De Pascale, President vun der Regioun Emilia-Romagna, zu där och d'Stad Imola gehéiert. Dowéinst hätt hien och schonn en Treffe mam Formel-1-Chef Stefano Domenicali ugefrot, fir mat him driwwer ze schwätzen, fir Imola am Kalenner vun der Formel 1 ze halen.

"Hei geet et net ëm Geld. D'Regioun Emilia-Romagna huet schonn ee Bäitrag fir 2026 deblockéiert", esou den De Pascale géintiwwer italieenesche Medien. Dobäi hätt hien d'Ënnerstëtzung vun der italieenescher Regierung, déi och Imola als zweet Course an Italien nieft Monza am Formel-1-Kalenner hale wëll.

De Stefano Domenicali hat rezent an engem Radiosinterview ugedeit, datt d'Traditiounsstreck zu Imola vun 2026 u keng fest Plaz méi am Kalenner vun der Formel 1 dierft hunn. "Et gëtt ëmmer méi schwiereg, zwee Grouss Präisser an engem Land ze organiséieren, well den Interessi un der Formel 1 op der ganzer Welt méi grouss gëtt", esou de 59 Joer ale Chef vun der Kinneksklass.

Den Autodroma Nazionale zu Monza huet nach e Kontrakt bis 2031 mat der Formel 1, dee vun Imola leeft awer den 18. Mee, also no der nächster Course aus. Eng Verlängerung gëllt als onwarscheinlech. "Dat ass eng Situatioun, mat där mir eis an den nächste Méint mussen ausernanersetzen", esou den Domenicali weider.