Performance opgedeckt: Wien huet Downforce a wie bléist nëmme waarm Loft?

© AFP
Ee Véierel vun der Saison hu mir hannert eis. D'Piloten hu sech akklimatiséiert, d’Ecurien hiert Material verstanen. Zäit fir eng éischt Trendanalys.
Op den éischte Bléck ass d’Saach kloer: McLaren dominéiert an héchstens de Max Verstappen kann deenen Orangë mat sengem Talent heiansdo ee Bee stellen. Mee eisen F1-Expert Dominique Riefstahl huet sech mat deem éischten Androck net zefridde ginn a wollt et ganz am Detail wëssen. Hien ass ganz déif an d’Donnéeën agedaucht an huet seng Rechemaschinn ugeschmass, fir erauszefannen, ob McLaren wierklech esou dominant ass, wéi grouss den Ecart vun der Konkurrenz ass a wou d’Stäerkten an d’Schwächte vun den eenzelen Autoe leien.
Fir unzefänken, sinn hei e puer grafesch Analyse mat den néidegen Explikatiounen, wéi dës Grafike berechent goufen a wéi se ze verstoe sinn. D’Trends, déi eisen F1-Expert dorausser erausliest, fannt Dir weider ënnen.
Den éischten Diagramm weist de Qualifikatiounsdefizit relativ zur Pole, déi op 90 Sekonne skaléiert ass. Dëst mécht d'Strecken ënnerenee vergläichbar, onofhängeg vun de reellen Zäiten. Mat ofgebillt ass d'Streckentemperatur um Enn vum Qualifying, déi e signifikanten Afloss op d'Leeschtung huet.

Deen zweeten Typ Diagramm – Duerchschnëtt- géint Héchstvitess – weist, wien ze vill Loftwidderstand opweises huet a wien effizient ënnerwee ass: Autoen, déi riets uewen am Diagramm stinn, kombinéieren Topspeed mat gudde Ronnenzäiten – e Rezept fir Erfolleg. Autoen an der lénker Hallschent sinn ze lues.
Beim Diagramm an der Course ass et natierlech méi schwiereg, propper Donnéeën ze hunn. Trafic, DRS, Degradatioun vun de Pneuen a Bensinn, deen ofhëlt, mussen als Facteur alleguerten erausgefiltert, respektiv korrigéiert ginn. D’Strategie – ob ee Stopp méi gemaach gouf an dowéinst méi gepusht gouf – kann een net ganz erausfilteren. Trotz Sisyphusaarbecht bleift et en Exercice, deen awer e bessert Bild vun de Kräfteverhältnisser am Race-Trim ergëtt.
Trendanalys vun eisem F1-Expert
- McLaren setzt de Moossstaf, souwuel am Quali wéi och an der Course. Zu Miami hu si an der Course e grousse Sprong gemaach, wann ee vun der Melbourne-Course am Reen ofgesäit. Et muss ee kucken, ob dat elo en Trend bleift oder éischter en Ausräisser war.
- Red Bull ass staark wann Aero-Effizienz gefrot ass, manner wann héijen Appui néideg ass. D’Streckentemperatur schéint si manner ze beaflossen.
- Williams a Ferrari hunn en zimmlech konstante Quali-Defizit zu McLaren – hir Resultater hänke vu Schwankunge bei de Konkurrenten of.
- am Quali-Trend iwwert alle 6 Coursse gekuckt, kënnt Mercedes ganz lues McLaren méi no an ass u sech am Schnëtt gläich op mat RedBull.
- Ferrari schléisst de Moment nach d'Top 4 of, éier et e méi grousse Sputt zu Williams an dem Rescht vum Feld gëtt, wat sech allgemeng weider kompriméiert.