De McLaren-Pilot huet sech déi éischt Startpositioun virun dem Verstappen an dem Russell geséchert.

Um Circuit zu Imola war dem Piastri seng Ronn 34 Dausendstel méi séier wéi déi vum Weltmeeschter Verstappen. Aus der zweeter Startrei fueren e Sonndeg de Russell (Mercedes) an den Norris (McLaren) fort.

Den Alonso um Aston Martin huet et op déi 5. Plaz gepackt, dat virun den zwee Williams-Piloten Sainz an Albon, deenen nees e staarke Qualifiying gelongen ass. Stroll, Hadjar a Gasly haten de Sprong an de Q3 och gepackt.

No engem Accident vum Tsunoda ass de Q1 fréi fir eng Véierelsstonn gestoppt ginn. Nieft dem Red-Bull-Pilot konnten och de Lawson op Racing Bulls an den Ocon op Haas hiren Auto stoe loossen. Och fir déi zwee Sauber-Piloten Hülkenberg a Bortoleto war fir d'éischt Schluss, ma nodeems dem Bearman seng Ronn nach eemol iwwerpréift gouf, war et den Out fir den Haas-Pilot an de Bortoleto huet et awer nach an de Q2 gepackt.

De Colapinto vun Alpine war um Enn vum Q1 gecrasht a konnt deemno net méi um Q2 deelhuelen. Donieft hu béid Ferrari-Piloten Hamilton a Leclerc et beim Scuderia-Heemspill net an de Q3 gepackt. Och fir de Bortoleto an de Kimi Antonelli op Mercedes war am Q2 Schluss.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 AWS GRAN PREMIO DEL MADE IN ITALY E DELL'EMILIA-ROMAGNA 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025