Verstappen gewënnt souverän zu Imola
Den Hollänner huet bei dëser Victoire vu sengem Iwwerhuelmanöver an der éischter Kéier profitéiert an den Oscar Piastri hannert sech gelooss.
De Max Verstappen huet d'Dominanz vu McLaren aus de leschte Coursse gebrach an de Grousse Präis vun der Emilia-Romagna eng véiert Kéier gewonnen. Papaya muss sech zu Imola mat de Plazen 2 an 3 fir de Lando Norris an den Oscar Piastri zefridde ginn. Och Ferrari konnt sech no der desolater Leeschtung am Qualifying zeréckkafen a koum mat béide Piloten an d'Punkten. De Lewis Hamilton huet sech hannert dem Spëtzentrio agereit an de Charles Leclerc koum hannert dem Alexander Albon op Plaz 6. Déi reschtlech Punkte kruten den George Russell, de Carlos Sainz am zweete Williams, den Isack Hadjar an de Yuki Tsunoda.
An der Gesamtwäertung huet den Oscar Piastri weiderhin 13 Punkte Virsprong op säin Teamkolleeg Lando Norris, de Max Verstappen kënnt awer bis op 22 Punkten erun. Den George Russell huet als Véierte scho 47 Punkte Réckstand.
De Verstappen konnt sech direkt an der éischter Kéier nom Start laanscht den Oscar Piastri drécken, dee vun der Pole Position an d'Course gaange war, an domat d'Féierung iwwerhuelen. Uschléissend huet ee gesinn, dass den Auto vum Hollänner méi séier war wéi Papaya an hie konnt sech eng souverän Avance erausfueren.
D'Course gouf gréisstendeels duerch zwou Safety-Car-Phasen entscheet. An der 29. Ronn huet den Ocon säin Auto mussen ofstellen, wouduerch e virtuelle Safety Car ausgeléist gouf. De Verstappen huet dovu profitéiert an ass sech nei Pneue siche gaangen. De Piastri huet een Tour méi spéit nogezunn, war awer och schonn am 14. Tour un der Box.
20 Ronne méi spéit war et den Out vum Kimi Antonelli. Well säin Auto ze geféierlech stoung, koum de Bernd Mayländer mam Safety Car an den Asaz. Dat huet nach eng Kéier Spannung an d'Course bruecht, well sech alleguer d'Autoen hannert dem Safety Car hu musse versammelen. De Verstappen huet nom Restart awer nees gewisen, dass hien de méi séieren Auto hat an huet Piastri an Norris distanzéiert. Sou war him d'Victoire net méi ze huelen.
FORMULA 1 AWS GRAN PREMIO DEL MADE IN ITALY E DELL'EMILIA-ROMAGNA 2025

© Screenshot