Déi mannsten haten domat gerechent, datt an der Formel 1, de Max Verstappen op Red Bull de Grousse Präis vun der Emilia-Romagna zu Imola géif gewannen.

De Weltmeeschter huet allerdéngs an Italien och dovu profitéiert, datt den Oscar Piastri op McLaren, Leader am Weltmeeschterschaftsklassement, an der 7. Course vun der Saison, net säi beschten Dag erwëscht huet.

Den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:
 
"McLaren hat wuel d'Aueren op der Zäitzone vu Miami stoe gelooss dëse Weekend. E schlechten Depart vum Verstappen ass bal sou rar wéi e 6er am Lotto, mee fir dann als Piastri net vun dësem ze profitéieren an da beim Ubremse vun der éischte Kéier reegelrecht ze verschlofen, souwuel d'Dier zouzemaachen, wéi och iwwerhaapt spéit genuch ze bremsen, si sou fundamental, dass e sech hätt misse wonneren, wann do net eng Orange Waatsch direkt Retour komm wier. Nujee denkt een an duerch de papaya-gefierfte Brëll gesäit et no dräizéng Ronnen net mol sou schlecht aus, mat Autoen op zwee an dräi, déi elo taktesch Red Bull ënner Drock setze kënnen. Prompt den éischten Auto erageruff, fir all teamintern Polemik aus dem Wee ze goen an en Undercut ze probéieren, fir dann awer och direkt sech selwer siwen Autoen als Iwwerhuelzil ze setzen op engem Circuit, wou een dat u sech net kann. Just hate se d'Rechnung ouni de Max säi Gefill fir d'Pneue gemaach, an eng Dose batter Ronne laang huet de McLaren missen nokucken, wéi den Hollänner gnadenlos seng Zäite konnt weiderfueren an den Undercut onwierksam gemaach huet.  E bësse Chancë a Genugtuung, dann de VSC, deen u sech d' Saach fir Red Bull kloer gemaach huet, bis d'FIA decidéiert huet u sech, d'McLaren eng zweet Chance ze ginn, andeems se de Safety Car beim Antonelli sengem Ausfall gehäit hunn. All Sesselstrategist wousst natierlech, dass do den Norris op den neie Pneuen hätt sollt d'Chase op de Verstappen maachen, mee d'McLaren, weider mat engem A op Harmonie setzen, huet do léiwer keng Strategie gefouert an d'Red Bull einfach d'Trophäe direkt geschenkt. Eng blann Sau fënnt der och mol eng Äichel, McLaren misst u sech béid Titelen weiderhin ongefäert heem bréngen, mä si däerfen net weider verschlofen, hiert Potential och auszenotzen."

De Formel-1-Expert Dominique Riefstahl

Laang Paus gëtt et fir de Formel-1-Zirkus awer net. Elo de Weekend geet et scho weider mam Grousse Präis vu Monaco... do weess ee jo, wéi wichteg samschdes d'Qualifikatioun ass, an dat ass en Exercice, deen dem Max Verstappen läit. Monte Carlo ass awer och ëmmer fir onerwaarten Evenementer op der Streck gutt.