Glitzer, Glamour, maximalen Upressdrock an nei Boxestoppreegel fir Monte Carlo

De Charles Leclerc 2024 um GP vu Monaco / © AFP
De Grousse Präis vu Monaco: dat ass Traditioun, enk Stroossen, an dëst Joer eng Reegelännerung, fir ze probéieren, d'Course méi spannend ze maachen.
Et stelle sech natierlech e puer Froe beim glamouréiste Grand Prix vun der Saison: bréngt et eppes, datt een zweemol d‘Pneue muss wiesselen a ka McLaren no der Defaite virun enger Woch zu Imola lo op der Côte d‘Azur zeréckschloen?
Déi mannste Leit, déi d'Formel 1 suivéieren, hätte virun enger Woch am Autodromo Internazionale Enzo e Dino Ferrari mat engem Succès vum Max Verstappen op Red Bull gerechent. De véierfache Weltmeeschter huet seng ganz Klass gewisen a vun de Schwächte vu senge Géigner profitéiert. Lo zum Monte Carlo dierft et awer méi schwéier ginn, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:
"D'Favoritterroll wäert McLaren net kënnen ofleeën dëse Weekend. Den Auto ass d'Referenz, wat Upressdrock an de luesen a mëttlere Kéieren ugeet a wäert theoreetesch net ze schloen sinn. Red Bull huet zwar an de séiere Passage wuel d'Nues liicht vir, mee där ginn et zu Monaco guer keng. Mercedes léisst ëmmer erëm Potential duerchblécken, wann et heescht, maximalen Downforce ze fueren. A wann ee gesäit, dass si an der Lescht bei waarmen Temperaturen a mat de Pneuen an der Course ze kämpfen haten, da kënnt dëst hinnen, fir zu Monaco d'Pneuen am Quali waarm ze kréien, vläicht ganz geleeën, a si kéinten en orange gefierften Top 3 erëm opmëschen. D'Ferrari kritt et warscheinlech éischter mat Williams ze dinn a vläicht souguer Aston, wann deenen hiren Upgrade sech weiderhi bestätegt."
De grousse Präis vu Monaco, dat ass Traditioun, dat ass Glitzer a Glamour, dat si fir esou séier Autoe ganz enk Stroossen duerch Principautéit, a virun allem sinn et fir d'Formel-1-Boliden, awer och eenzegaarteg Charakteristiken an der Saison.
"Aerodynamik ass hei den A an O vun enger séierer Ronn. 1968 huet zu Monaco dofir och den éischte Flillek an der F1 d'Dagesliicht gesinn. Wärend am Normalfall streng Effizienzkrittären herrschen, nämlech dass e Stéck op d'mannst dräi bis véier mol esou vill Appui generéiert wéi Loftwidderstand, gëtt an der Principautéit alles drop gepaakt, wat geet ouni Récksiicht op d'Topspeed. Well d'Kéier sechs esou enk ass, gëtt och ëmmer eng speziell monegassesch Fiicht-Ophänkung gebaut, déi et erlaabt d'Rieder méi wäit anzeschloen, soss geet et mat der Plaz net duer."
D'Qualifikatioun e Samschdeg gehéiert sécherlech zu deene spannendsten an der Formel-1-Saison. Ausser wann d'Wieder op der Côte d'Azur Kapriole schléit, si vill Iwwerhuelmanöver an Action op der Streck éischter seelen. Fir deem entgéintzewierken, hunn déi Responsabel vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport elo decidéiert, datt dës Saison all Auto zweemol wärend dem Grand Prix d'Pneue muss wiesselen.
"D'Realitéit: et geet drëms ze waarden, bis deen hannert der an d'Box fiert, fir da selwer an der nächster Ronn ran ze kommen an natierlech erëm op deng ursprénglech Plaz zréckzefalen. An dat klappt net nëmmen eemol, mee souguer zweemol an der selwechter Course. An awer huet d'Formel 1 an hirer ganzer Kreativitéit vergiess festzeleeën, wéini déi zwee Stoppe mussen absolvéiert ginn. Et ass also net onwarscheinlech, dass eng Ecurie am hënneschten Deel vum Feld direkt nom Enn vun der Opwiermronn schonn an d'Box fiert, eventuell souguer nach eng Kéier um Enn vun der éischter Ronn. Sou kann dann duerno, wa vir am Feld lues gefuer gëtt, fir d'Feld kompakt ze halen an all Undercut ofzewieren, de Retard erëm opgeholl ginn a sech am beschte Fall als Nullstopper erëm an d'Punkten ze hiewen."
Och wann d'lescht Saison zu Monte Carlo net zu de spannendste Coursen an der Formel-1-Geschicht gehéiert huet, sou war et awer fir de Charles Leclerc net nëmmen déi éischte Kéier, datt de Ferrari-Pilot bei sengem Heem Grand Prix um Podium stoung, de Monegass huet an de Stroossen, an deenen hie fréier an d'Schoul gaangen ass, gewonnen. Wann een d'Optrëtter vun der Scuderia bis elo an deenen éischte siwe Coursse vun der Saison gesinn huet, dierft et awer schwéier ginn, dee Succès ze widderhuelen. Awer zu Monte Carlo weess een ni, wéi heescht et do am Casino? Faites vos jeux!
An d‘Fräi Trainingen, d‘Qualifikatioun an de Grand Prix kënnt DIr natierlech nees live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op RTL Play suivéieren. De Virprogramm e Sonndeg fänkt um 14.15 Auer un, den Depart vun der Course ass dann um 15 Auer. All d‘Auerzäite fannt Dir op rtl.lu.