Lando Norris start zu Monaco vun der Pole Position

© AFP
Duerch een neie Streckerekord start de McLaren-Pilot e Sonndeg virum Charles Leclerc op Ferrari a sengem Teamkolleeg Oscar Piastri.
E Samschdeg huet sech de Lando Norris zu Monaco d'Pole Position virum Charles Leclerc an dem Oscar Piastri geséchert. Am decisive Q3 war et bis zum Schluss spannend un der Spëtzt, wou um Enn dann awer den Norris mat engem neie Streckerekord d'Nues vir hat. De Max Verstappen geet vun der 4. Plaz un den Depart, dat well de Lewis Hamilton vun der véierter Positioun dräi Plazen nodréiglech no hanne versat ginn ass. Am Qualifying hat hien den aktuelle Weltmeeschter behënnert. Iwwerdeems hu béid Mercedes-Piloten et wéinst engem Accident an enger defekter Batterie net iwwert de Q2 eraus gepackt.
Den Oliver Bearman start duerch d'Ausléise vum Roude Fändel am fräien Training, e Sonndeg vun der leschter Plaz. Och de Lance Stroll krut eng Strof vu +3 Plazen um Grid, well hien de Pierre Gasly behënnert hat. Duerch seng 19. Plaz am Qualifying an der nach méi grousser Strof vum Bearman ännert dat awer näischt u senger Startpositioun.
Resumé
Wéinst de bekanntlech wéinegen Iwwerhuel-Méiglechkeeten um Circuit vu Monte Carlo ass et all Joers de wuel wichtegste Qualifying aus dem Formel-1-Kalenner. Ee klenge Feeler an et hänkt een an der Bande. Dat huet am Q3 och de Kimi Antonelli ze spiere kritt, deen no der Sortie aus dem Tunnel agerannt war an domadder de Roude Fändel ausgeléist huet. Well d'Zäit och schonn ofgelaf war, war dës Sessioun eriwwer a sou waren de Colapinto, Stroll, Gasly, Bearman a Bortoleto eliminéiert.
Och de Q2 ass net ouni ee Roude Fändel op en Enn gaangen. Nodeems beim George Russell am Tunnel d'Batterie vum Auto de Geescht opginn hat, misst de Mercedes manuell vum Circuit gerullt ginn. No der Ënnerbriechung ass et dunn nach fir déi aner Piloten eemol erausgaangen, fir sech eng Plaz an den Top-10 ze sécheren. Net packe sollten et hei de Sainz, Tsunoda, Hulkenberg a béid Mercedes-Piloten ouni Zäit Russell an Antonelli.