Lando Norris wënnt de Grousse Präis vu Monaco
An den enke Stroosse vu Monte Carlo konnt hie seng Féierung bis zum Enn verdeedegen. De Podium gëtt vum Charles Leclerc an dem Oscar Piastri komplettéiert.
E Sonndeg huet de Lando Norris de prestigiéise Grousse Präis vu Monaco gewonnen. De McLaren-Pilot war vun der Pole Position an d'Course gestart a konnt sech trotz dem Drock vun hanne bis zum Schluss virum Charles Leclerc an dem Oscar Piastri halen.
Am WM-Klassement ass de Virsprong vum Leader Oscar Piastri op säin Teamkolleeg Lando Norris elo nëmmen nach dräi Punkte grouss. Op der drëtter Plaz steet weiderhin de Max Verstappen mat engem Ecart vu 25 Punkten.
Resumé
Beim Depart huet sech un den éischten 11 Positiounen näischt geännert an d'Autoe sinn all gutt duerch déi éischt enk Kéier komm. Laang gedauert huet et awer net, bis den éischte Pilot eng Mauer erwëscht hat. Nach wärend der éischter Ronn war de Gabriel Bortoleto kuerz virum Tunnel agerannt, konnt doropshin awer nach weiderfueren. Trotzdeem gouf de virtuelle Safety Car bis an déi 4. Ronn era gehalen. Eng Neiegkeet vun dësem Joer war donieft d'Ufuerderung fir d'Ecurien, op mannst zwee Mol d'Pneuen ze wiesselen.
Een neie Pneu hätt an der 9. Ronn dem Pierre Gasly awer och näischt bruecht. Kuerz no der Sortie vum Tunnel war de Fransous wéinst Problemer mat de Bremsen an den hënneschten Deel vum Yuki Tsunoda sengem Auto gerannt. Dobäi gouf seng viischt Achs staark beschiedegt an d'Course war kuerz drop fir hien eriwwer.
Méi fréi fäerdeg war d'Course dann och an der 39. Ronn fir de Fernando Alonso, dee säin Auto wéinst technesche Problemer huet missen op d'Säit stellen. Un der Spëtzt huet sech bis zum Schluss näischt un der Reiefolg geännert a sou konnt de Lando Norris um Enn seng Victoire zu Monaco feieren.