Mam Grousse Präis vu Spuenien geet an der Formel 1 e weidere sougenannten "Triple Header", also dräi Coursse bannent zwou Wochen, op en Enn.

Virschau op Grousse Präis vu Spuenien / Reportage: Franky Hippert

No Imola an Italien, an d'lescht Woch zu Monaco, si mer elo zu Barcelona. Et schéngt, wéi wann de Leader am Weltmeeschterschaftsklassement, den Australier Oscar Piastri op McLaren, de Momentum e bësse verluer huet. De Franky Hippert kuckt nach emol op d'Course zu Monte Carlo zeréck an op déi um Circuit de Barcelona-Catalunya no vir.

Et ass gewosst: d'Qualifikatioun fir de Grousse Präis vu Monaco ass mat déi wichtegst a spannendst, wann net déi wichtegst vun der Saison. Et ass awer genee esou gewosst, datt d'Course zu Monte Carlo definitiv net zu deene spannendsten am Formel-1-Kalenner zielt. Dëst Joer hunn déi Responsabel vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport probéiert, mat zwee obligatoresche Boxestoppen, fir méi Spektakel ze suergen, dozou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:

"Monaco war trotz Reglementsännerungen eng weider Kéier eng Gaapsnummer. Mee et ass positiv, dass d'FIA Initiativ gewisen huet, fir eppes ze änneren. Och wann et nëmmen deelweis geklappt huet, huet et d'Diskussioun ugestouss. Interessant ass och d'mënschlech Säit: De Lando Norris schwätzt oppen iwwert säin 'Digital Detox' an déi positiv Auswierkungen, wat dëst op säi mentaalt Wuelbefannen huet. Dat weist Räif a Selbstschutz. Mee sportlech kéint et och en zweeschneidegt Schwäert sinn, well bei senge Géigner et sécher net op daf Ouere stéisst."

Vum ganz Südosten op der Côte d'Azur ass et elo Richtung Westen a Richtung Spuenien gaangen. De Circuit de Barcelona-Catalunya gehéiert zu deene komplettsten am Formel-1-Kalenner.

"Technesch extrem usprochsvoll, bitt eng Mëschung aus Kéieren an alle Vitesseberäicher. Ideal fir d'Stäerkte vun engem Auto voll ënner Beweis ze stellen. Wann en Auto hei gutt funktionéiert, ass dat e staarkt Zeeche fir seng Polyvalenz a seng Tauglechkeet op villen anere Circuiten. Fréier war Barcelona eng typesch Max-Downforce-Streck, mee duerch de Layout-Wiessel 2022 huet sech dëst verännert. Déi ganz lues Kéier 10 an d'Schikan goufe gestrach, wat dozou gefouert huet, dass d'Streck elo éischter Medium-High-Downforce-Konfiguratioune verlaangt. Dat huet net nëmmen den techneschen Aspekt verännert, mee och d'Rennaktion verbessert. Den neie Layout erméiglecht däitlech méi Iwwerhuel-Manöver wéi fréier, wat fir d'Zuschauer natierlech e klore Pluspunkt ass."
 
Am Bahrain, a Saudi-Arabien an zu Miami stoung den Oscar Piastri op McLaren dräimol hannertenee ganz uewen um Podium a konnt seng Féierung am Weltmeeschterschaftsklassement ausbauen. Lo bei deem aktuellen Tripleheader huet de 24 Joer alen Australier de Momentum e bësse verluer.

"Mee seng Strategie fir de Momentum zréckzegewannen, ass kloer: cool bleiwen, konsequent Drock opbauen a sech op seng eege Leeschtung konzentréieren. Säi Fokus muss sinn, all Course individuell unzegoen, anstatt sech vum Gesamtbild oflenken ze loossen. Den Oscar ass bekannt fir seng Rou, seng Disziplin. Säi Manager, de Marc Webber, huet dës Eegenschafte konsequent gefërdert. An de McLaren-Teamchef Andrea Stella betount och, dass dem Oscar seng Entwécklung net nëmmen um Auto läit, mee och u sengem eegene Wuesstem als Pilot. Déi intern Konkurrenz ass intensiv, mee den Oscar huet um Ufank '25 kloer gemaach, dass hie sech net als eng Nummer 2 gesäit, mee dass hien d'Weltmeeschterschaft gewanne wëll. Elo muss en dat ëmsetzen", sou nach den Dominique Riefstahl.

Zu Imola an zu Monte Carlo huet sech de Piastri allkéiers mat der drëtter Plaz missen zefridde ginn a seng Avance un der Spëtzt vum WM-Klassement ass op dräi Punkten op säin Equipier Lando Norris geschmolt. Virun engem Joer war de Norris dee Séiersten an der Qualifikatioun zu Barcelona. De Max Verstappen op Red Bull huet d'Course gewonnen, virum McLaren-Pilot a virum Lewis Hamilton op Mercedes. Gesäit de Podium dës Kéier nees esou aus, ausser datt den Hamilton elo an engem Ferrari sëtzt?

Déi Äntwert kritt Dir e Sonndeg de Mëtteg vu 15 Auer un, op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op RTL Play, wann et nees heescht; "d'fënnef rout Luuchten aus a lass et geet!" De Virprogramm fänkt um 14.15 Auer un.