Oscar Piastri gewënnt virum Lando Norris

© AFP
An der 9. Course vun der Saison war et op e Neits d'Ecurie vu McLaren déi dominéiert huet. Déi drëtte Plaz um Podium ass fir de Charles Leclerc op Ferrari.
Um "Circuit de Barcelona-Catalunya" huet de WM-Leader Oscar Piastri an der drëtte Course bannent zwou Wochen, dem sougenannten Tripleheader, virum Lando Norris gewonnen. Domatt baut den Australier seng Féierung an der WM op de Norris op 10 Punkten aus. Déi drëtte Plaz zu Barcelona ass fir de Charles Leclerc, dee vun enger spéider Safety-Car-Phase profitéiere konnt, fir de Max Verstappen op Red Bull nach ze iwwerhuelen. Op déi 4. Plaz fiert den George Russell op Mercedes.
De Red Bull Pilot Max Verstappen fiert no 66 Ronnen usech op déi 5. Plaz. Duerch een haarde Manöver an der Schlussphase géint de George Russell krut den Hollänner awer eng 10-Sekonne-Stroof, a fällt op déi 10. Plaz zeréck. Domat kritt de Verstappen zu Barcelona just 1 Punkt.
Den Nico Hülkenberg ass sengersäits eng ganz gutt Course gefuer. Vun der 16. Plaz an d'Course gaangen, louch de Sauber-Pilot laang Zäit op der 9. Plaz. Um Enn sollt den Däitschen sech no enger staarker a virun allem hektescher Schlussphase op der formidaabler 5. Plaz klasséieren, virum Ferrari-Pilot Lewis Hamilton an dem Isack Hadjar. Punkte ginn et och nach vir de Pierre Gasly op der 8. an dem Fernando Alonso op der 9. Plaz. Et sinn dem Alonso seng éischte Punkten an dëser Saison.
Resumé
De Lance Stroll huet am Virfeld vun der Course e Samschdeg den Owend Forfait missen erklären, dat well en ze vill Péng um Handgelenk huet, deemno sinn och just 19 Piloten un den Depart gaangen.
De Start huet den Oscar Piastri gewonnen a konnt deemno seng 1. Plaz virun der Konkurrenz verdeedegen. Hannendrun ass de Lando Norris net gutt fort komm wat de Max Verstappen direkt konnt ausnotzen a sech esou vun der drëtter op déi zweete Plaz no vir geschafft huet. Och de George Russell op Mercedes hat kee gudde Start, de Britt huet 2 Plaze verluer an ass hannert déi zwee Ferrari-Piloten op d'P6 zeréck gefall.
An der 13. Ronn konnt de Lando Norris déi zweete Plaz vum Max Verstappen sech nees zereck erkämpfen. Dono huet sech eng taktesch ganz interessant Course entwéckelt. D'Ecurië si bei de Boxenstopps op ënnerschiddlech Strategië gewiesselt an hunn hire Piloten deemno ënnerschiddlech Pneuen opgeluecht. Sou ass et dem Max Verstappen gelongen tëschenzäitlech vun der drëtter op déi 1. Plaz no vir ze kommen. 15 Ronnen viru Schluss, no engem weideren Boxenstopp, sollt den Red Bull - Pilot awer nees op déi drette Plaz zereck faalen, hannert Piastri a Norris.
10 Ronne viru Schluss ass et nach emol ferm hektesch ginn. Nom Out vum Kimi Antonelli op Mercedes ass de Safety-Car op d'Stréck komm, wat fir vill Verkéier an der Boxegaas gesuergt huet. Nom Restart huet de Charles Leclerc de Max Verstappen iwwerholl an sech esou seng Plaz um Podium geséchert.
Hannendrun ass et zum Duell vum Verstappen géint de Russell komm. Um Enn war de Mercedes-Pilot de Gewënner, a fiert op déi 4. Plaz. De Verstappen krut eng 10-Sekonne-Strof, a fält op déi 10. Plaz zeréck.