Um Circuit zu Barcelona war et e Sonndeg zu engem Incident tëscht Verstappen a Russell komm, dat fir den aktuelle Weltmeeschter nach kéint en Nospill hunn.

Et war eng richteg hektesch Schlussphas an der Formel 1 beim Grousse Präis vu Spuenien zu Barcelona. No engem Safety Car gouf de Max Verstappen op Red Bull a sengen Ae vum George Russell vum Circuit gedréckt, ass dunn awer nees virum Mercedes-Pilot op d'Streck zeréckkomm. Direkt déi Situatioun duerno huet fir vill Diskussioune gesuergt an d'Nerve louche blank beim 4-fache Weltmeeschter, de Journalisten an de Supporter, esou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:

Dominique Riefstahl iwwert d'Aktioun vum Max Verstappen

"D‘Nerve louche blank an de leschte Ronne vum Grousse Präis vu Spuenien an nach vill méi bei de Journalisten, Fans aus alle Lager an dem YouTuber vu Monaco. Fakt war, de Verstappen huet missen eng extreem fragwürdeg Plaz un de Russell zréckginn, en huet dat gemaach, fir dann direkt an de Russell ze rennen. Et hätt een nach de Benefice du doute gelooss a kënne mengen et wier e Mëssverständnes, bei engem Versuch ze vill clever a senger Konterattack ze sinn, mee déi aussergewéinlech Hallef-Entschëllegung vum Max den Dag drop weist, wou d'Frustratioun d‘Iwwerhand geholl hat. Dëst beweist, och déi Beschte sinn net immun géint emotional Ausbréch, mee engem anere mat Absicht an den Auto ze fueren, ass en absolutten No-Go. An der Kéier fënnef war d'Vitess niddreg, mee denkt een un d'Kéier néng bei zweehonnertachtzeg Stonnekilometer wieren d'Konsequenze gravéierend."

De Max Verstappen bleift wuel ëmmer en "Heissblüter" seet den RTL-Formel-1-Expert weider. De 4-fache Weltmeeschter misst et awer besser wëssen, esou den Dominique Riefstahl, soss riskéiert den Hollänner duerch seng aktuell 11 Strofpunkten eng Course aussetzen ze mussen. Dat ass bei 12 där Strofpunkten de Fall. Fir seng Aktioun zu Barcelona krut de Verstappen eng 10-Sekonne-Strof, ass domat op déi 10. Plaz zeréckgefall, an hie krut eben och dräi där Strofpunkten, esou datt hien elo op 11 ass.

Elo bei den nächste Grand Prixen zu Monreal a Kanada an zu Spielberg an Éisträich, däerf sech de Red Bull Pilot op jiddwer Fall keng erlaben.