Där Meenung ass op alle Fall de Formel-1-Expert Dominique Riefstahl am Gespréich mam Franky Hippert.

No engem intensiven "triple header", dat heescht 3 Courssen an Zäit vun zwou Wochen, war de leschte Weekend Paus. Elo ass de Formel-1-Zirkus a Kanada. De Circuit Gilles Villeneuve zu Montreal huet seng eege Charakteristiken, an dofir kéint d'Favoritteroll dës Kéier änneren.
 
McLaren mat senge Piloten Oscar Piastri a Lando Norris hunn d'Formel 1 Saison bis elo fest am Grëff. 7 vu 9 Grand Prixe gewonnen. Déi zwee Papaya-Pilote sinn op den zwou éischte Plazen am Weltmeeschterschaftsklassement, de Leader Piastri, 49 Punkte virum Drëtten, dem Weltmeeschter Max Verstappen. An och bei de Konstrukteure kann d'Konkurrenz net mathalen. Elo dëse Weekend kéint awer Red Bull mam Verstappen d'Favoritteroll iwwerhuelen, seet den RTL Formel 1 Expert Dominique Riefstahl:

"Hire Renner ass deen effizientste Won a seng Honda-PU kann dank staarker MGU-H grouss Energiemengen ausmënzen. De Max geet dohier fir mech als Favorit an e Quali-Triell géint de McLaren-Duo. D’Papaya hunn hire McLaren aerodynamesch rezent zwar däitlech gebessert, mee di Energie-Schwaach-HPP Komponent am Heck kéint wéidoen."
 
De Rescht vun der Topp-Konkurrenz huet net onbedéngt déi optimal Monoplace fir dëse Circuit.

"Ferrari ass Low-Speed-Staark: Den Tracé spillt dem SF-25 an d’Kaarten. Mee hire schleefende Pneue-Warm-up kéint de Rouden alt erëm eng Startrei kaschten, sou datt si sech an der Course mat Degradatiounskontroll lues erëm no vir akere mussen. Mercedes ass d’Onbekannt. 2024 hu se am Quali geglänzt, mee d'aktuell Cuvee brauch méi laang fir op Temperatur ze kommen. Wann een dann un di vill rezent Zouverlässegkeetsprobleemer denkt sinn d’Silver Arrows beschtefalls Outsider dëse Weekend."

Egal wéi, d’“Wall of Champions” hält sech bereet – vläicht wëll ee vun de McLaren Protagoniste scho mol säin Autogramm drop ofginn, sou als Glécksbrénger?
 
De Circuit Gilles Villeneuve ass ee vun den haarden Hybrid-Tester am Kalenner vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport, esou de fréiere Formel-1-Ingenieur.

"De repetitive Start-Stopp aus lueser Kéier eraus op laang Riicht léisst de Bensinnsverbrauch an d'Luucht klammen a Verlaangt vill elektresch Energie. Di stramm Bremszonen erlaben zwar vill Energieréckgewënnung, mee dat deckt bei wäitem de Bedarf net of an d'MGUH muss vill bäisteieren. Do kann Honda mat Beschtwäerter glänzen, wärend Mercedes éischter Hinterbänkler bleift."
 
D'Spatzkéieren an d'Schikane verlaange mechanesch Traktioun. De Setup gëtt suppel gehalen, wat och erlaabt méi iwwert d'Kerbs ze raiberen.

"Dorënner leit d'Stabilitéit beim Bremsen a Montreal weist net manner wéi fënnef haart Bremszonen op. Dat mécht Montreal net nëmme Motor-, mee och Bremskiller, an oft ass et extrem knapp wat de Bremsverbrauch ugeet. A Kanada ass héich aerodynamesch Effizienz gefrot. Mëttleren Downforce ass en offensichtleche Kompromëss tëscht Grip an Topspeed, mee d'Fal mam Flillek ze fuere fir besser Traktioun a Quali Potenzial ze hu wéinst de villen DRS-Riichter lauert mat Héchstrisiko am Rennen, wann een op eemol eng lahm Int op der Riichter ass." 
 
D'lescht Saison huet sech effektiv de Max Verstappen op Red Bull virum Lando Norris op McLaren an dem George Russell op Mercedes zu Montreal duerchgesat. No senger Knuppauto-Aktioun virun zwou Wochen zu Barcelona géint de Russell huet sech de Verstappen jo nees berouegt an den Usaz vun enger Entschëllegung matgedeelt. Ob et awer duergeet, fir déi zwee McLaren hannert sech ze loossen, weist sech dann e Sonndeg den Owend.
 
Wéi den 100. Grand Prix op Tëlee Lëtzebuerg, de Grousse Präis vu Kanada ausgeet, kënnt dir nees live op RTL ZWEE an am Stream op RTL Play suivéieren. Den Depart ass e Sonndeg den Owend um 20 Auer, de Virprogramm fänkt um 19.15 Auer un.