George Russell fiert mat Mediumpneuen op d'Pole

© AFP
De Britt léisst de Max Verstappen an den Oscar Piastri hannert sech. Och de Fernando Alonso huet eng staark Leeschtung ofgeliwwert.
Den George Russell start e Sonndeg vun der Pole Position zu Montreal a Kanada. De Mercedes-Pilot konnt seng gutt Leeschtung aus den Traininge confirméieren. De Russell huet sech an der leschter Ronn nach laanscht de Max Verstappen an den Oscar Piastri gedréckt a sech seng sechst Pole Position geséchert. Et ass déi éischt Kéier an dëser Saison, dass kee McLaren oder Red Bull vu ganz vir an d'Course geet.
Och de Fernando Alonso huet bewisen, dass ee mat Mediumpneue vir matfuere kann. Am Q1 war de Spuenier vir mat bäi an huet dozou bäigedroen, dass Aston Martin eng Aart Opersteeung feiere konnt. Um Enn koum hien op Plaz 6. Virun him stinn de Kimi Antonelli an de Lewis Hamilton.
Fir de Lando Norris an de Charles Leclerc war et kee gudde Qualifying. Den Norris huet ëmmer nees Feeler agestreet an de Leclerc hat Problemer mam Verkéier a mat eegene Feeler. Béid Fuerer starten hannert dem Alonso. Den Isack Hadjar an den Alexander Albon komplettéieren d'Top 10.
Den Alexander Albon hat am Q1 d'Karkass vu sengem Auto verluer, wouduerch de Qualifying kuerzzäiteg huet mussen ënnerbrach ginn. Seng Ekipp krut den Auto awer nach gefléckt, fir dass de Britt de Sprong an den nächsten Tour packe konnt. Säi Coequipier Carlos Sainz konnt déi staark Performance vu Williams aus dem Training net confirméieren an hat schonn nom Q1 Feierowend. Dem Bortoletto, dem Lance Stroll bei sengem Heemspill, dem Liam Lawson an dem Pierre Gasly ergoung et d'nämmlecht.
De Q2 hat net sou vill ze bidde wéi den éischten Duerchgang. Hei war Schluss fir de Yuki Tsunoda, dee bei Red Bull einfach net an den Trëtt kënnt, de Franco Colapinto, den Nico Hülkenberg, den Oliver Bearmon an den Esteban Ocon.
RTL iwwerdréit e Sonndeg ab 19.15 Auer, d'Course start um 20 Auer.