Op d'Plazen 2 an 3 fueren de Max Verstappen an den Andrea Antonelli. An der Schlussphas kollidéiert de Lando Norris mam Oscar Piastri.

Um traditionelle Circuit op der Île Notre-Dame ka sech no 70 Ronnen de George Russell als Gewënner feiere loossen. Fir den Englänner ass et seng 4. Victoire a senger Karriär. Et ass déi éischte Kéier an dëser Saison, dass kee McLaren oder Red Bull Pilot ganz uewen um Podium steet. Hannert dem Mercedes Pilot klasséiere sech zu Montreal de Max Verstappen op Red Bull an de Andrea Antonelli um zweete Mercedes.

Op déi 4. Plaz fiert den Oscar Piastri, virum Charles Leclerc a Lewis Hamilton. Véier Ronne viru Schluss ass et zur Kollisioun tëscht dem Oscar Piastri an dem Lando Norris komm. De Lando Norris huet de Piastri beim Versuch ze iwwerhuelen, beréiert, wouropshin de Norris mat der Mauer kollidéiert ass. Iwwerdeems den Oscar Piastri d'Course hannert dem Safety-Car zu Enn fuere konnt, war fir de Lando Norris fréizäiteg Schluss. Punkte ginn et och nach fir de Fernando Alonso, Nico Hülkenberg, Esteban Ocon an de Carlos Sainz.

Resumé vun der Course

Beim Start huet sech un deenen éischten zwou Plazen näischt gedoen. Hannendrun huet den Andrea Antonelli den Oscar Piastri iwwerholl, sou dass de jonke Mercedes-Pilot sech op d'Juegd vum George Russell an dem Max Verstappen gemaach huet. Am Mëttelfeld war de Gewënner de Sauber-Pilot Nico Hülkenerg, dee sech vun der 11. op déi 9. Plaz no vir geschafft huet.

An der Suite vun der Course ass net all ze vill passéiert. An der 13. Ronn ass dunn de Max Verstappen als éischte Pilot an d'Boxegaas komm. Zu dësem Zäitpunkt war et eng relativ taktesch Course, virun allem wat de Verbrauch vun de Pneuen ugaangen ass. De Lando Norris an de Charles Leclerc si mat haarde Pneuen an d'Course gaangen, a waren op enger anerer Strategie wéi déi aner Top-Piloten.

An der Schlussphas ass et dunn nach emol spannend ginn. Déi éischt fënnef Piloten, Russell, Verstappen, Antonelli, Piastri a Norris louchë just ganzer 5,5 Sekonnen auserneen. No engem haarden Duell tëscht dem Oscar Piastri an dem Lando Norris em de Kampf em déi 4. Plaz wollt de Lando Norris ze vill, huet den hënneschte Pneu vum Piastri beréiert an ass mat der Mauer kollidéiert. No dësem Accident konnt de Leader an der WM, Oscar Piastri weiderfueren, iwwerdeems d'Course fir de Lando Norris gelaf war. De Safety Car huet missen erauskommen.

Un der Spëtzt gouf et keng Ännerung méi, sou dass de George Russell virum Max Verstappen an dem Andrea Antonelli seng 4. Course a senger Karriär gewonnen huet. D'Course gouf no der Kollisioun vun Norris a Piastri hannert dem Safety-Car zu Enn gefuer.

Protester, Strofen a Verwarnungen

No der Course war nach vill lass bei de Stewards. Vill Dossiere sinn ob hire Büroe gelant. De Lando Norris krut eng 5-Sekonne-Strof wéinst dem Accident mam Oscar Piastri. De McLaren-Pilot war, no der Analys vun de Stewards, responsabel fir den Tëschefall a gouf dowéinst mat enger Zäitstrof bestrooft. Um Schlussresultat huet dat verständlecherweis fir hien näischt geännert.
 
Nieft dem Norris haten och nach 7 aner Piloten no der Course e Rendez-Vous mat de Stewards. De Stroll, Gasly, Sainz, Leclerc, Ocon, Bearman, an den Antonelli, well si sech net u Safety-Car-Virschrëfte gehalen haten. Déi genannte Piloten hunn nom schwaarz-wäiss-karéierte Fändel aner Autoen iwwerholl. De Reegelen no ass dëst net erlaabt, well de giele Fändel nach ëmmer dobausse war an de Safety Car offiziell net opgehuewe war. Alleguerte Pilote goufe vun de Stewards awer just verwarnt. Déi concernéiert Pilote kréien awer bei enger Widderhuelung vun esou engem Tëschefall déi nächste kéier eng Strof.
 
E Protest wéinst der Aktioun vum Russell wärend der Safety-Car-Phas huet Red Bull dunn nach deposéiert. De Mercedes Pilot hat ferm gebremst an de Max Verstappen hat doduerch fir eng kuerz Zäit de Russell iwwerholl. Den Tim Malyon vun der FIA huet den Tëschefall awer esou analyséiert: «Dësen Tëschefall gouf vun der Renndirektioun observéiert an als net relevant agestuuft. Periodescht Bremsen ënner dem Safety Car ass typesch an ze erwaarden.» Aus deem Grond gouf den Protest vun Red Bull verworf.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 PIRELLI GRAND PRIX DU CANADA 2025 

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025