"Den Oscar hat d'Track-Position a muss dem Lando do guer kee Kaddo maachen"

E Sonndeg huet et an der Formel 1 am 66. vu 70 Tier beim Grousse Präis vu Kanada zu Montreal tëscht deenen zwee McLaren-Pilote gerabbelt.
Den Australier Oscar Piastri ass Leader am Weltmeeschterschaftsklassement, de Britt Lando Norris ass Zweeten. Den Norris huet op der Streck probéiert ze iwwerhuelen, wou et dee Moment net méiglech war. Ass dat do lo den Ufank gewiescht vun dengem Duell, dat nach kéint ausaarten? Dozou den RTL Formel 1 Expert Dominique Riefstahl:
"Fakte fir d'Éischt: De Lando war kloer méi séier géint Enn der Course, mee den Oscar hat d'Track-Position a muss him do guer kee Kaddo maachen. Wann et dem "Lando-Ieselchen" ze wuel war mat der Pace, du goung hien halt op kanadescht Äis danzen. Mir musse lo hoffen, datt et e gudden Ieselche war an datt intern klipp a kloer gekläert ginn ass, datt dat do déi éischten a leschte Kéier bleift. Kee Wäert, laang driwwer ze philosophéieren, ob et richteg war, datt ee Pilot seng Linn haart verdeedegt an deen aneren nach Plaz gesinn huet, fir ze attackéieren. Einfach déi ganz Episod ad acta leeën a vun elo propper weiderfueren."
De Lando Norris huet d'Schold och direkt op sech geholl. Esou Feeler muss de 25 Joer ale Britt op jiddwerfalls vermeiden, wann hien eng Kéier Weltmeeschter wëll ginn. Am WM-Klassement ass den Oscar Piastri no 10 Coursse mat 198 Punkten un der Spëtzt an huet seng Avance nom Out vu sengem Equipier zu Montreal op 22 Punkten ausgebaut. Deen nächste Grand Prix ass an zwou Wochen zu Spielberg an Éisträich.