Kanada bleift bis 2035 am F1-Kalenner

© AFP
Montreal zielt zu de Lieblingscircuite vu ville Piloten. De kanadesche Grand-Prix huet säi F1-Kontrakt elo bis 2035 verlängert.
D’Muermeldéiere wäerten och an Zukunft ee Weekend am Joer an hirer Rou op der Île Notre-Dame gestéiert ginn. Zwee Deeg no der Editioun 2025 annoncéiert d’F1 nämlech, dass de Gilles-Villeneuve-Circuit op d’mannst bis 2035 am Kalenner bleift. Dat ass eng Verlängerung ëm véier Joer. Den ale Kontrakt wier 2031 ausgelaf.
Kanada steet zënter 1967 am F1-Kalenner. An den éischte Jore gouf awer zu Mosport an zu Mont Tremblant gefuer, iert d’Course 1978 op Montreal geplënnert ass. Op der kënschtlecher Insel vun Notre-Dame, wou 1967 d’Weltausstellung an 1978 d’Olympia-Rudderkompetitioun war, gouf en temporäre F1-Circuit gebaut. D’Formel 1 betount, dass den Organisateur déi lescht Joren an d’Infrastruktur vum Circuit investéiert hätt. Dat hätt gehollef, de Kontrakt fréizäiteg ze verlängeren. Nëmme Bahrain (2036) a Miami (2041) hunn nach méi laangfristeg Kontrakter.
Bis elo war de Formel-1-Zirkus traditionell Mëtt Juni a Kanada op Besuch. Vum nächste Joer u wäert déi beléifte Course awer hir Plaz mat Monaco tauschen. Esou réckelt Montreal an de Mee a kann da mat Miami kombinéiert ginn, fir sech een Aller-Retour tëschent Europa an Nordamerika ze spueren.