An der Formel 1 war scho virum Grousse Präis vun Kanada eng gewëssen Onrou bei Ferrari.

Och e puer Deeg duerno, och wann dëse Weekend keng Course ass, gesäit et nach ëmmer esou aus, wéi wann de Wuerm bei der Scuderia dra bleift. Fir den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl schéngt et, wéi wa virun allem an deene Grand-prixen, wou d'Strategie am Ufank nach onkloer ass an dës "en cours de route" muss ugepasst ginn, et zu schlechter Kommunikatioun a méi Stress tëscht de Piloten an den Ingenieure kënnt.

"Elo ass d'Fro: Ferrari geet gären oft mat bis zu fënnef Strategien an d'Course. Plang A bis Plang E ass duerchaus bei den Zuschauer e Begrëff am Ferrari-Jargon. Vläicht wär Ferrari besser beroden, nëmmen zwou Strategien am Viraus festzeleeën, fir sech selwer dozou ze zwéngen, méi a virun allem méi kloer ze kommunizéieren. Mir wäerten et schlussendlech net wëssen. Vläicht ass et och esou, dass d'Stratege sech net trauen, kloer ze kommunizéieren, eebe grad fir net mussen d'Verantwortung ze droen an net an d'Schosslinn ze komme vun der italieenescher Press. Soulaang mer do beim Debrief net dobäi sinn, kënne mer dat natierlech net wëssen. Um Enn vum Dag muss allerdéngs de Fred Vasseur do absolut Schutz stoen, all Schoss opfänken a senge Leit absolut Réckendeckung ginn. Nëmmen dann hu se de Courage, fir fräi ze schwätzen an e gudden a klore Rapport mat hire Piloten opzebauen."

No 10 Coursse steet Ferrari am Weltmeeschterschaftsklassement bei de Constructeuren op der drëtter Plaz mat 183 Punkten, 191 Punkten hannert dem éischte McLaren a 16 hannert dem zweete Mercedes. D'Pilote vun der Scuderia, de Charles Leclerc an de Lewis Hamilton, musse sech am WM-Klassement mat de Plaze 5, respektiv 6 zefridde ginn. Deen nächste Formel-1-Grand-Prix ass an enger Woch zu Spielberg an Éisträich.