De Formel-1-Zirkus ass zréck an Europa. Zu Spielberg gëtt déi 11. Manche gefuer an do wäert virun allem eng Faarf dominéieren.

An dat ass Orange. Op der enger Säit wäerten op den Tribünen nees vill hollännesch Supporter ze gesi sinn. Spielberg ass dowéinst net nëmmen den Heem-Grand-Prix fir Red Bull, mee och e klenge fir de Max Verstappen. Anersäits wäerten um sportleche Plang dëse Weekend awer normalerweis nees déi Orange Autoen dominéieren, seet den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl.
 
"McLaren bleift weiderhin an der Favoritteroll. Dorunner ännert sech näischt. Allerdéngs ass deen heite Circuit eppes, wat Red Bull sollt leien. Si hunn en Auto, deen e séieren Topspeed huet an extreem effikass ass, dat heescht, e kombinéiert Vitess mat ganz gudder Performance an de séiere Kéieren. A si hu gutt mechanesch Traktioun. Dat huet een alles och a Kanada gesinn. Menger Meenung no ka Red Bull duerchaus dëse Weekend och nees em déi éischt Rei matfueren."
 
Den George Russell stoung virun engem Joer ganz uewen um Podium. Dëst Resultat ze widderhuelen, ass dëse Weekend awer net evident, fir eng weider Kéier ëm d'Victoire matzefueren.
 
"Fir Mercedes kéinten d'Temperaturen e bëssen e Problem ginn. Et ass waarm. Et sinn iwwer 30 Grad Lofttemperatur a wäit iwwer 40 Grad Streckentemperatur virgesinn. Dat kéint fir si pneueméisseg erëm e Problem duerstellen. Ech gesi si dowéinst net ganz vir matfueren. Allerdéngs, deem enge säi Leed ass deem aneren seng Freed. Ferrari, déi ebe grad Problemer hunn, d’Pneue séier genuch op d'Temperatur ze kréien. Si kéinte vun de waarme Konditioune profitéieren, fir sech do besser ze placéieren am Qualifying, fir esou an der Course vun hirer exzellenter Degradatioun profitéieren ze kënnen."
 
De Circuit zu Spielberg zielt mat 4,3 km zu de kierzte Strecken am F1-Kalenner. Op der Stoppauer ass et esouguer deen allerkierzten. De Red-Bull-Ring zielt zu de moderne Klassiker, deen allerdéngs zwee Gesichter huet.
 
“Et ass déi klengsten Unzuel u Kéieren am Kalenner, gezielt sinn et der zéng, a Wierklechkeet sinn et der nëmmen Aacht, dat bréngt e bësse Schwieregkeete mat sech, fir d'Pneuen am Qualifying waarm ze fueren. Woubäi de Fakt, dass am leschte Secteur alleguer déi Kéiere sinn, mat héijer Vitess, dës Problematik zum Deel reduzéiert gëtt. De Circuit ass extreem technesch an doduerch beléift bei de Piloten. Et gi vill Variatioune vum Profil an dat bréngt Spillraum, fir dee séierste Wee ze erfuerschen am Qualifying, wéi och kreativ Attacken ze lancéieren an der Course.”
 
Och Iwwerhuelen ass machbar an de Circuit huet dacks spannend Coursë geliwwert. McLaren wäert alles drusetzen, fir déi éischte Victoire zanter 2001 op éisträicheschem Buedem ze feieren.
  
De Grousse Präis vun Éisträich kënnt Dir nees Live op RTL Zwee an online op rtlplay kucken. Den Depart ass e Sonndeg um 15.00 Auer, de Virprogramm fänkt um 14.15 Auer un. D'Qualifikatioun iwwerdroe mir e Samschdeg vun 15.55 Auer un.