De Britt war a sengem McLaren am Qualifying méi séier wéi de Charles Leclerc um Ferrari. Den Oscar Piastri gouf den Drëtten.

Um Samschdeg stoung de Qualifying vum Grousse Präis vun Éisträich zu Spielberg um Programm. De McLaren-Pilot Lando Norris geet e Sonndeg vun der Pole Position an d'Course. De Charles Leclerc huet sech am Q3 gesteigert a gouf den Zweeten.

Aus der 2. Rei starten um Sonndeg den zweete McLaren-Pilot Oscar Piastri an de Lewis Hamilton (Ferrari). Vun der 5. Plaz geet den George Russell (Mercedes) an d'Course. De Max Verstappen um Red Bull gouf hannert dem Liam Lawson just de 7..

E gudde Qualifying war et fir de Sauber-Pilot Gabriel Bortoleto, deen et fir déi éischte Kéier iwwerhaapt an de Q3 gepackt a sech do op der 8. Plaz klasséiert huet.

Am Q1 war et spannend, well tëscht dem Éischten an dem Leschten net emol 1 Sekonn louch. Den Out war et fir den Niko Hülkenberg (Sauber), de Carlos Sainz (Williams) an de Lance Stroll (Aston Martin). Och net an den nächsten Tour hunn et de Yuki Tsunoda (Red Bull) an den Esteban Ocon (Haas) gepackt.

Am Q2 gouf et eng kleng Ënnerbriechung well d'Wiss am Start-Zil-Beräich gebrannt huet. Den Norris war genee wéi am Q1 och am Q2 de Séiersten. De Franco Colapinto (Alpine), den Oliver Bearman (Haas), de Fernando Alonso (Aston Marint) an den Alexander Albon (Williams) hunn déi Ronn net iwwerstanen. Den Isack Hadjar war am Q2 och ze lues an huet säin Auto missen ofstellen.

Am Q3 war de Lando Norris op en Neits net ze schloen an huet sech d'Pole virum Leclerc an dem Piastri geséchert. Net sou gutt ass et fir de Verstappen gelaf, deen um Enn de 7. gouf.

RTL iwwerdréit d'Course um Sonndeg vu 14.15 Auer un, de Start ass um 15.00 Auer.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 MSC CRUISES AUSTRIAN GRAND PRIX 2025 

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025