Start-Zil-Victoire fir de Lando Norris zu Spielberg
D'Konkurrenz konnt och an der Course näischt géint d'Dominanz vu McLaren op dësem Weekend maachen. Am Endresultat steet Papaya viru Ferrari a Mercedes.
Beim 38. Grousse Präis vun Éisträich stoung de Lando Norris ganz uewen um Träppchen. Hie konnt sech viru sengem Teamkolleeg Oscar Piastri duerchsetzen. D'Plazen 3 a 4 gounge mam Charles Leclerc a Lewis Hamilton u Ferrari, den George Russell huet d'Topp 5 komplettéiert. De Gabriel Bortoleto huet sech mat der 8. Plaz seng éischt Formel-1-Punkte geséchert. Hie koum hannert sengem Mentor Fernando Alonso an d'Zil. Tëscht dem Alonso an dem Russell hat sech nach de Liam Lawson gequëtscht. Och den Nico Hülkenberg an den Esteban Ocon hunn nach Punkte kritt.
Et war eng zimmlech roueg Course, mee dofir war virum a beim Start eng méi lass. Den Depart gouf 15 Minutten no hanne verréckelt, well de Carlos Sainz scho virum Start Problemer hat. Fir d'éischt hat hien den Auto fir de Formatiounstour net un d'Goe kritt, duerno konnt hien awer fueren, mee uschléissend hu seng Bremsen ugefaangen ze brennen. Domat war d'Course fir hien eriwwer, éier se ugefaangen hat.
Nom Start koum et an der Kéier 3 zu enger Rëtsch Touchetten, wou sech ënner anerem de Max Verstappen an de Kimi Antonelli ze pake kruten. Dat huet de séieren Out fir béid Pilote bedeit an eng Safety-Car-Phas ausgeléist.
Nach virun dësem Accrochage hat den Oscar Piastri, dee vu Plaz 3 an d'Course gaange war, den Zweetplacéierte Charles Leclerc iwwerholl. Den Norris konnt seng éischt Plaz sécheren.
Am weidere Verlaf huet sech op den éischte fënnef Plazen näischt méi geännert. De Lewis Hamilton an den George Russell hate sech iwwer e puer Ronnen ëm Plaz 4 duelléiert, mee de Ferrari-Pilot konnt sech duerno e komfortabele Virsprong erausfueren.
Un der Spëtzt huet McLaren den Tempo bestëmmt a béid Pilote konnte sech séier vun de roude Verfollger ofsetzen. Norris a Piastri hu sech wärend der ganzer Course e puer interessant Dueller geliwwert, et sollt awer net wéi a Kanada ausgoen. Um Enn konnt sech de Lando Norris viru sengem Teamkolleeg behaapten.
Am Generalklassement mécht den Norris e puer Punkten op de Piastri gutt, den Australier huet trotzdeem nach 15 Punkten Avance. De Max Verstappen krut duerch säi fréien Out zu Éisträich keng Punkten an huet elo 61 Punkte Réckstand op de Piastri. Och an der Konstrukteurswäertung fiert McLaren an enger eegener Liga. Papaya huet no 11 vu 24 Courssen 417 Punkten an domat bal duebel esou vill wéi Ferrari (210) a Mercedes (209).
Am Virfeld vum Éisträich-Grand-Prix huet d'Formel 1 matgedeelt, dass d'Kinneksklass vum Motorsport bis 2041 zu Spielberg Statioun maache wäert.