9 Testdeeg fir Saison 2026 ze preparéieren

Wéinst deem neien Aerodynamik- a Motoreglement huet d'Formel 1 am ganzen dräi Testseancë virgesinn.
D'Saison fänkt dowéinst fir d’Ecurië schonn Enn Januar un. Vum 26. bis den 30. Januar dierfen d’Piloten déi nei Autoen eng éischte Kéier um Circuit zu Barcelona testen. E Problem kéint awer d'Wieder ginn, well et scho virkomm ass, dass et an dësem Zäitraum a Spuenien geschneit huet. Eng Informatioun, déi d’Formel 1 an d'FIA och matgedeelt hunn, ass, dass den Test net ëffentlech ass. An anere Wierder mussen d’Spectateure sech bis Mëtt Februar gedëllegen, bis si déi nei Autoe gesinn.
Falls déi néideg Donnéeë wéinst dem Wieder net kënne gesammelt ginn, hunn d’Ecurien d'Méiglechkeet, am Februar an der Wüst vu Sakhir den Testprogramm iwwer 6 Deeg opzeschaffen. Am Ganze sinn, wéinst dem neie sportleche Reglement, 9 Testdeeg virgesinn, ier d’Saison dann Ufank Mäerz an Australien gestart gëtt.
Am Kalenner vun der Saison 2026 ginn et iwwregens am Ganze véier Changementer. Mam Grousse Präis vu Spuenien zu Madrid léieren net nëmmen d'Formel-1-Fans, mee och d'Piloten en neie Circuit kennen. Dowéinst kritt d’Course zu Barcelona den Numm "Grand Prix Barcelona-Catalunya". Net méi am Kalenner ass de Grousse Präis vun der Emilia-Romagna zu Imola.
D’Ecurië goufen och iwwert eng weider Ännerung am Kalenner informéiert. Am Aserbaidjan gëtt ausnamsweis samschdes gefuer, fir e Feierdag ze respektéieren. De Weekend fänkt deemno schonn donneschdes un an d’Qualifikatioun gëtt freides gefuer.
D’Saison 2026 kënnt Dir nees komplett bei eis kucken.