Am Mee huet den Oliver Oakes Hals iwwer Kapp als Alpine-Teamchef demissionéiert. Elo annoncéiert déi franséisch-brittesch Ecurie en neie Generaldirekter.

De Steve Nielsen soll vum 1. September un d'Formel-1-Ecurie vun Alpine leeden. Den 61 Joer ale Britt soll sech ëm dat operatiivt Dagesgeschäft këmmeren an dobäi un de Flavio Briatore rapportéieren. Weder den Nielsen nach de Briatore hunn iwwregens den Titel vum "Teamchef". De Briatore schafft als Chefberoder ("executive advisore") fir d'Ecurie, wärend de Steve Nielsen offiziell als Generaldirekter ("managing director") engagéiert gouf. Alpine verzicht also och an Zukunft op e richtegen Teamchef. 
 
De Steve Nielsen huet eng beweegt F1-Vergaangenheet. Hien huet fir eng sëllegen Teams wéi Lotus, Tyrrell, Benetton, Honda, Arrows, Renault, Caterham, Toro Rosso a Williams geschafft. 2017 ass hie bei den F1-Promoteur Liberty Media gewiesselt, ier hien 2023 FIA-Sportdirekter gouf. No nëmmen engem Joer bei der FIA goung hien erëm zeréck bei Liberty. Et gouf deemools Rumeuren, hien hätt als anonymme Whistleblower-Informatiounen iwwer de FIA-President Mohammed bin Sulayem verroden.

RTL

© ALESSIO MORGESE / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Vill oppe Froe beim Alpine F1 Team

Firwat Alpine op ee klasseschen Teamchef verzicht, ass nëmmen eng vu ville Froen, déi et am Moment ronderëm déi franséisch-brittesch Ecurie gëtt. 
 
Virun zwou Wochen huet de Luca de Meo iwwerraschend säi Récktrëtt als CEO vum Renault-Konzern annoncéiert. Den Italieener hat sech ëmmer fir den Engagement an der Formel 1 a fir d’Sportsmarque Alpine staark gemaach. Well hien onzefridde mat de Resultater war, huet hie säi Landsmann Flavio Briatore als perséinlechen F1-Beroder engagéiert. Elo rapportéiert de Flavio Briatore un de President vu Renault, de Jean-Dominique Senard. Et ass ongewëss, wat de Récktrëtt vum de Meo fir d’Zukunft vum Flavio Briatore a fir den Engagement vu Renault an der F1 bedeit. Eis däitsch Kolleege vun "auto motor und sport" spekuléiere beispillsweis, dass sech d'Ecurie kuerzfristeg erëm vun Alpine a Renault ëmbenenne kéint. 
 
Donieft stellt sech d’Fro vum zweete Pilot. De Flavio Briatore hat jo den Australier Jack Doohan no fënnef Courssen op d’Reservebänk gesat. Mee och den argentineschen Ersatzmann Franco Colapinto konnt net iwwerzeegen. Déi international Press ass iwwerzeegt, dass de Colapinto dëse Weekend zu Silverstone seng lescht Course fir Alpine fiert. De Flavio Briatore hätt scho beim Toto Wolff ugeklappt, fir sech de Mercedes-Ersatzpilot Valtteri Bottas auszeléinen. 
 
Sportlech steet Alpine massiv ënnert Drock. Mat nëmmen 11 Punkte läit Alpine an der Constructeurs-Weltmeeschterschaft däitlech op der leschter Plaz. Déi Punkte sinn alleguer vum Pierre Gasly, deen et nëmme bei dräi Courssen (Bahrain, Miami a Spuenien) fäerdegbruecht huet, an d'Top 10 ze fueren. Dat ass fir eng Wierksecurie eng zimmlech Blamage. D'Onrou an der Direktioun an am zweete Cockpit suerge sécher net dofir, dass d'Ecurie sech op hir sportlech Fortschrëtter konzentréiere kann.