McLaren hat virun enger Woch d'Course zu Spielberg an Éisträich mat der Victoire vum Lando Norris a mat der 2. Plaz vum Oscar Piastri fest a senger Hand.

Elo geet et dëse Weekend schonn zu Silverstone mam Grousse Präis vun Groussbritannien weider. An och an England sinn d'Chancen nees ganz grouss, datt een déi orangfaarwe Papaya ganz vir gesäit.

Formel 1- Virschau op der Grousse Präis vu Groussbritannien

Virun enger Woch an Éisträich huet d'Konkurrenz d'Dominanz vu McLaren mat Lando Norris an Oscar Piastri einfach missen unerkennen. Déi zwee Pilote sinn och am Weltmeeschterschaftsklassement souverän un der Spëtzt, de Piastri mat 216 Punkten, 15 virum Norris a schonn 61 virum Max Verstappen op Red Bull. Och elo um Circuit, op deem d'Kinneksklass aus dem Automobilsport viru 75 Joer hir Gebuertsstonn gefeiert huet, geet d' McLaren als Favorit an de Weekend, esou den RTL -Formel-1 -Expert Dominique Riefstahl.
 
"Si waren an Éisträich an deene Passagen, déi Silverstone änelen, esou dominant, dass een net kann erwaarden, dass et dëse Weekend anescht leeft. Wat mer net wëssen, ass, wouzou Red Bull fäeg ass. De Max Verstappen konnt am Qualifying net weisen, wat am Auto stécht wéinst engem giele Fändel, an de Course gouf en an der zweete Kéier ofgeschoss vum Kimi Antonelli an huet doduerch och do net kënne weisen, wat den Auto capabel ass, ëmzesetzen."
 
Déi aner onbekannten ass Mercedes. Do kéint d'Meteo mat den a priori méi kalen Temperaturen eng Roll spillen.

"Dat misst hinnen entgéintkommen. Si waren a Kanada a kale Konditiounen extreem leeschtungsfäeg. Si waren d'lescht Joer zu Silverstone a kale Konditiounen, capabel d’Course, op Merite, ze gewannen. Dat do misst hinnen entgéintkommen, gläichzäiteg, dat wat hinnen entgéint kënnt, ass dat wat Ferrari wäert wéi doen, nämlech dass et kal ass an dass déi erëm Problemer kréien hir Pneue waarm ze kréien. Si wäerten an der Course kënne gudde Pace weisen, mee ech fäerte ganz, dass et am Qualifying erëm eng oder zwou Reien no hanne geet, wéinst de kale Konditiounen."
 
D'Streck vu Silverstone ass legendär. Den 13. Mee 1950 huet fir d'Formel 1 um fréiere Fluchfeld vun der brittescher Arméi alles ugefaangen. Et ass awer definitiv och en extreem technesche Circuit.
 
"Ganz vill Kéierkombinaisonë, e luese Richtungswiessel, dee gutt mechanesch Traktioun brauch, dat an dann eragoen an där Kéier, déi sech déi ganzen Zäiten opmécht, awer déi ganzen Zäit och kontinuéierlech säitlech Belaaschtung weider ophält. Dat mécht d'Erausbeschleunegen aus der lueser Kéier schwéier. Et muss een den Auto kontrolléieren, et muss een d'Balance richteg treffen. An et däerf ee virun allem weeder déi hënnescht Pneuen ze vill iwwerlaaschten, well een dann an der Traktioun verléiert, nach déi Viicht ze vill iwwerlaaschten, well een déi soss net iwwert hir Liewensdauer bréngt." 
 
Lo um Weekend waarden awer och nach weider Erausfuerderungen op d' Piloten, d' Ingenieuren an d' Mecanicien, seet den Dominique Riefstal.

"Zweete Problem zu Silverstone, oder zweet Erausfuerderung, sinn déi ganz séier Passagen. Maggots, Beckets oder Abbey gi mat wäit iwwer 250 -280 Stonnekilometer geholl. Do brauch een eng extreem stabil Plattform, fir den Auto prezis kënnen ze placéieren a keng Vitess ze verléieren. Dann den Energiemanagement. D'Bremsen hunn et extreem einfach zu Silverstone. Et gëtt net vill gebremst. Et gëtt net haart gebremst. Doduerch ass allerdéngs d'Energieréckgewënnung extreem niddreg. An déi Energie feelt natierlech, fir herno op de Riichten auszeginn." 
 
Virun engem Joer konnt sech zu Silverstone de Lewis Hamilton op Mercedes virum Max Verstappen op Red Bull an dem Lando Norris op McLaren duerchsetzen. Datt den Hamilton, dës Saison op Ferrari, e Sonndeg ganz uewen um Podium steet, dierf definitiv méi schwiereg ginn.
 
Wéi de Grousse Präis vun Groussbritannien e Sonndeg ausgeet, gesitt dir nees Live, mam Virprogramm vun 15.15 Auer un, op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op rtlplay.