Fir den Hollänner ass et déi 44. Pole mat Red Bull an der Formel 1.

Zu Silverstone huet alles viru 75 Joer ugefaangen. 1950 gouf um brittesche Circuit den éischten F1-Grand-Prix gefuer. Bei der Gebuertsdags-Editioun e Sonndeg geet de Weltmeeschter Max Verstappen (1:24.892) vun der Pole Position aus an d'Course. Hannert dem Red-Bull-Pilot ass am Qualifying den Oscar Piastri (1:24.995) op McLaren op déi zweete Plaz gefuer.

D'Plazen 3 a 4 ware fir de Lando Norris (1:25.010) um zweete McLaren an den George Russell (1:25.029) op Mercedes.

Net iwwer de Q2 eraus gepackt hunn et de Sainz (Williams), den Tsunoda (Red Bull), den Hadjar (Racing Bulls), den Albon (Williams) an den Ocon (Haas).

Fir Alpine an de Colapinto gouf et e weidere Réckschlag. No engem Crash war fir hie schonn am Q1 Feierowend. Fir den Argentinier ass et beim 6. Grand-Prix deen drëtten Out an der éischter Ronn vum Qualifying. Donieft war och nach Schluss fir de Lawson (Racing Bulles), de Bortoleto (Sauber), de Stroll (Aston Martin) an den Hülkenberg (Sauber).

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS BRITISH GRAND PRIX 2025 

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025