Den Norris kënnt virum Oscar Piastri an dem Nico Hülkenberg un. D'Wieder hat de Grousse Präis vu Groussbritannien voll am Grëff.

De Wiedergott huet zu Silverstone alles ginn, fir dem englesche Klischee gerecht ze ginn. Um Enn duerft sech de Lando Norris iwwer seng nächst Victoire an dëser Saison freeën. Hie profitéiert vun enger 10-Sekonne-Strof fir säi Coequipier Oscar Piastri. Ganz iwwerraschend klëmmt den Nico Hülkenberg eng éischt Kéier op de Podium. Den Däitsche ka sech virum Lewis Hamilton, fir deen et säin 368. Grand Prix war, behaapten. Hie war vun der 19. Plaz an d'Course gaangen.

Fir de Max Verstappen war et kee gudden Dag. Den Hollänner war vun der Pole Position an d'Course gaangen, huet e bessert Resultat awer no engem Dréier ewechginn. Hie gouf um Enn 5., virum Lance Stroll a Pierre Gasly. De Fernando Alonso huet dat gutt Resultat vun Aston Martin beim Heem-Grand-Prix mat der 8. Plaz ofgeronnt. Déi lescht Punkte gouf et fir den Alexander Albon an den George Russell.

Wéinst de schwierege Konditiounen um Circuit - verschidde Passagë waren nach naass, anerer schonn dréchen - haten eng Rëtsch Fuerer nach virum Depart hir Pneue gewiesselt. Ënner anerem hate sech de Leclerc, Antonelli, Russell an Hadjar Slicks amplaz Intermediates opzéie gelooss, hunn dunn awer aus der Boxegaass starte mussen. Dëse Move sollt hinne wärend der Course näischt bréngen.

An den éischte Kéiere krute sech de Lawson an den Ocon ze paken, wat den Out fir de Lawson bedeit huet. Dës Sortie hat kuerzzäiteg fir e virtuelle Safety Car gesuergt. Am 5. Tour ass dem Bortoleto säi Pneuewiessel op Slicks zum Verhängnis ginn an hien huet d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer, wouduerch hie säin Auto huet mussen ofstellen.

Nom Start konnten de Verstappen an d'McLaren hir Plaze verdeedegen. An der 8. Ronn war et du sou wäit: De Piastri huet de Verstappen op der Hangar Straight iwwerholl a konnt sech séier ofsetzen.

An der Ronn 11 ass de Reen nees iwwer de Circuit gezunn an huet fir groussen Duercherneen op der Streck a vill Betrib an der Boxegaass gesuergt. Wéinst der Intensitéit vum Reen gouf de Safety Car declenchéiert an huet d'Feld fir 6 Ronnen hannert sech versammelt. Wärenddeem hate sech Stroll an Hülkenberg vu ganz hannen op d'Plaze 4 a 5 no vir geschafft.

Beim Restart no dem heftege Ree gouf et zwou decisiv Situatiounen. De Piastri krut no engem ongewéinleche Bremsmanöver eng 10-Sekonne-Strof opgebrummt an de Verstappen huet d'Kontroll iwwer säi Red Bull verluer a gouf vu Plaz 2 op 10 duerchgereecht.

De Piastri huet seng Strof bei engem Boxestop ofgesat a sou war de Wee fir de Lando Norris fräi. D'Story vum Dag ass awer de Podium vum Nico Hülkenberg. Et ass déi éischt Kéier zënter dem 7. Oktober 2012, dass e Sauber-Pilot nees um Träppche steet.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS BRITISH GRAND PRIX 2025 

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025