Nico Hülkenberg schwätzt am RTL-Interview iwwer méiglechen 1. Podium
2019 war de Franky Hippert op Enstone an d'Fabrick vun der fréierer Ecurie Renault. Thema war ënner anerem en éischte méigleche Podium fir den Däitschen.
239 Courssen huet et gedauert an de leschte Sonndeg war et sou wäit. Den Nico Hülkenberg stoung fir déi éischte Kéier um Podium an der Formel 1. Dem 37 Joer alen Däitsche war d'Freed iwwert dësen Exploit zu Silverstone a Groussbritannien ofzegesinn. Gläichzäiteg war et deen éischte Podium fir d'Ecurie Sauber zanter 2012. Deemools koum de Kamui Kobayashi zu Suzuka a Japan op déi 3. Plaz.
Den Nico Hülkenberg ass donieft och ënner anerem fir Williams, Force India, Aston Martin, Haas an ebe Renault gefuer. Viru ronn 6 Joer war de Franky Hippert den däitsche Pilot am Kader vum "RTL Radio Sport-Club" op Enstone an d'Fabrick vun der franséischer Ecurie besichen. Rieds war deemools och vun engem éischte méigleche Podium vum Däitschen an der Formel 1. Déi bescht Momenter aus dësem Interview mam Nico Hülkenberg kënnt Dir am Video hei driwwer nokucken.