"Hien ass definitiv ugesinn als e super Talent"

© AFP
E Sonndeg stoung den Nico Hülkenberg fir déi éischte Kéier zu Silverstone a Groussbritannien um Podium an der Formel 1.
Wuel déi allermeescht Formel-1-Supporter hunn et dem Nico Hülkenberg e Sonndeg gegënnt, wéi de 37 Joer alen Däitschen no 239 Grand-Prixe säin éischte Podium an der Kinneksklass vum Automobilsport konnt feieren. Beim Grousse Präis vu Groussbritannien, um legendäre Circuit vu Silverstone, der Gebuertsplaz vun der moderner Formel 1, war d'Freed duerno enorm. Dozou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:
"Hien ass definitiv ugesinn als e super Talent. An de Covid-Jore war e jo och als de "Super-Substitute" bekannt. All gutt Ecurien hu sech ronderëm hie gerass, fir seng Servicer unzehuelen, datt hien als Reservepilot zur Verfügung stoung, wann ee vun hire Pilote vu Covid betraff wär. Och déi grouss Ecurien an awer huet kee sech wëllen zu him committen. En huet ëmmer am beschte Fall am Mëttelfeld, dacks an den Auto ganz hannen am Feld gesiess, vill méi aus deenen Autoen erausgeholl wéi dat, wat u sech ze erwaarde war an elo huet e schlussendlech d'Kéier kritt. Dofir war dat och extreem, extreem populär am ganze Paddock, well d'Leit e kennen. D'Leit wëssen en ze schätzen, wéi häerzensgutt hien als Mënsch ass, wéi sympathesch en ass, wéi vill Humor en huet a wéi talentéiert e wierklech ass."
Bis e Sonndeg war eng 4. Plaz dat bescht Resultat vum Nico Hülkenberg an der Formel 1. Dräimol war dat de Fall: 2013 a Südkorea an 2012 wéi och 2016 zu Spa. Zanter e Sonndeg steet elo déi drëtte Plaz zu Silverstone an de Statistiken. D'Kinneksklass aus dem Automobilsport huet elo zwee Weekender Paus. Weider geet et dann Enn Juli mam Grousse Präis vun der Belsch zu Spa.