Zanter 2005 war de Britt Teamchef bei der Formel-1-Ecurie vu Red Bull. Mat effet immédiat krut hien awer elo de Stull virun d'Dier gestallt.

Trotz engem Kontrakt bis 2030 ass de Christian Horner vun e Mëttwoch de Moien un net méi Teamchef vu Red Bull. De Britt hat d'Soen als Chef vun der Ecurie, en hat de Virsëtz am Ressort vun der Technik a vun de Motoren, grad esou wéi am Marketing. Red Bull stécht dës Saison awer an der Kris. Dat an dem Horner säi Skandal vum leschte Joer, deen nach ëmmer net richteg opgeschafft ass, hu wuel dozou bäigedroen, dass en elo senger Wee muss goen. Offiziell gëtt vun enger "Ëmstrukturéierung" geschwat. Neie CEO vum Team gëtt de Laurent Mekies, dee bis elo déi Tâche bei der Partner-Ecurie Racing Bulls hat. Dat huet Racing Bulls och schonn offiziell matgedeelt. Dem Mekies säi Successeur do wäert den Alan Permane ginn, dee bis elo Sportchef war.

RTL

© visa cash app racing bulls media

De Statement op Facebook vun Red Bull Racing:

Video: Mat Material vu Red Bull Content Pool an Aston Martin Aramco F1 Team

D'Decisioun, den Horner z'entloossen, gouf vum Red-Bull-Sport-Chef Oliver Mintzlaff geholl. D'Besëtzer vun der Mark Chalerm Yoovidhya a Mark Mateschitz, grad esou wéi de Motorsport-Chef Dr. Helmut Marko waren iwwert déi iwwerraschend Decisioun informéiert a stinn och dohannert. An der offizieller Confirmatioun vun der Red Bull GmbH steet dat hei ze liesen:

"Red Bull hat Christian Horner mit Wirkung zum heutigen Tag (Mittwoch, 9. Juli 2025) von seinen operativen Aufgaben entbunden und Laurent Mekies zum CEO von Red Bull Racing ernannt."

"Oliver Mintzlaff, CEO Corporate Projects and Investments, dankte Christian Horner für seine außergewöhnliche Arbeit in den letzten 20 Jahren."

"Oliver Mintzlaff, CEO Corporate Projects and Investments:
'Wir möchten Christian Horner für seine außergewöhnliche Arbeit in den letzten 20 Jahren danken. Mit seinem unermüdlichen Engagement, seiner Erfahrung, seinem Fachwissen und seinem innovativen Denken hat er maßgeblich dazu beigetragen, Red Bull Racing als eines der erfolgreichsten und attraktivsten Teams in der Formel 1 zu etablieren. Vielen Dank für alles, Christian, du wirst für immer ein wichtiger Teil unserer Teamgeschichte bleiben."

RTL

Neien CEO bei Red Bull Racing Laurent Mekies / © MAX SLOVENCIK / APA / AFP

Iwwert d’Ursaache vun der Entloossung vum Christian Horner ka bis ewell nëmme spekuléiert ginn. Mee spéitstens zënter dem Skandal zejoert, wéi den Horner vun enger Mataarbechterin "inappropriéiert Verhale" reprochéiert kritt hat, ass gewosst, dass den Englänner Red-Bull-intern net onëmstridde war. Am F1-Paddock gëtt spekuléiert, dass seng Muecht-Ambitiounen mat dofir responsabel sinn, dass wichteg Mataarbechter (wéi den Adrian Newey) Red Bull Racing verlooss hunn. D’lescht Joer gouf och ëmmer méi offensichtlech, dass de Christian Horner an den Dr. Helmut Marko als Motorsportberoder vum ganze Red-Bull-Konzern net méi op enger Ligne louchen. Dorunner huet wuel och eng intern Enquête, déi d’Reprochë géint den Horner klasséiert huet, näischt geännert.

Wat déi Entscheedung fir de véierfache Weltmeeschter Max Verstappen bedeit, ass nach onkloer. Den Hollänner hat sech ugangs der Saison nach kloer zu Red Bull bekannt. Entretemps evitéiert de Weltmeeschter awer esou Aussoen. Säi Kontrakt leeft nach bis 2028, mee et sollen awer Klauselen dra sinn, déi et him erlabe kéinten, d'Ecurie ze wiesselen. A leschter Zäit gouf et jo Gerüchter ëm e méiglecht Engagement bei Mercedes-AMG. Et ass gewosst, dass de Max Verstappen sech éischter zum Helmut-Marko-Camp zielt. Säi Papp Jos Verstappen huet de Christian Horner och dacks ëffentlech schaarf kritiséiert. D’Chancen, dass de Max Verstappen elo bei Red Bull bleift, sinn no dëse Revirementer, sécher net méi schlecht ginn. Wann et dann net schonn ze spéit ass.