De Mercedes-Pilot huet seng laangjäreg Frëndin, d'Vivian Sibold, bestued. D'Hochzäit war am enke Familljen- a Frëndeskrees.

"Mir Zwee sinn am siwenten Himmel'", esou de Rosberg via Twitter, "Et war immens besonnesch eis Hochzäit mat eisen enkste Kollegen an der Famill ze feieren".

Am Oktober hat hie scho bekannt ginn, dass si verlobt wieren: "Jo et stëmmt. Mir wäerten eis bestueden an et fillt sech sou sou gutt un."

Et war awer "just" d'Hochzäit op der Gemeng. An der Kierch bestuede si sech am August a Südfrankräich.