Eng besonnesch Rumm fir eng besonnesch Foto
Mam Trounwiessel dëse Weekend changéiert net nëmmen eise Grand-Duc, mee och déi ganz Fotoen, déi - elo nach vum Grand-Duc Henri - uechtert d’Land hänken.
An Zukunft wäert een an den ëffentleche Gebaier, Schoulen a Geschäfter op de Portrait vum neie Grand-Duc Guillaume blécken. Dobäi ass engem de Choix iwwerlooss, op een eng Foto just vum Ierfgroussherzog hëlt, oder eng Koppelfoto mat der der zukünfteger Grande-Duchesse Stéphanie u senger Säit. Gemaach goufen d’Portraite vun de Lëtzebuerger Fotografe Kary Barthelmey a Christian Aschman. D‘Foto a Militäruniform wäert eréischt nom Trounwiessel publizéiert ginn.
D’Staatsdréckerei vum CTIE këmmert sech em d’Printen an d‘Distributioun vun de Fotoen, déi déi ëffentlech Gebaier a Butteker gratis gestallt kréien. Em d’Rumm, mat där d’Foto da schlussendlech un der Mauer hänkt, muss sech awer selwer gekëmmert ginn. Déi gëtt och net vum Staat bezuelt. Et géif awer keng Obligatioun ginn, fir eng Foto bei sech opzehänken, erkläert d’Cynthia Schwickerath vun der Staatsdréckerei.
"Et ass net am Gesetz. Fréier war et emol eng Traditioun, dass an all Büro vun engem Staatsbeamten e Portrait houng. Elo kommen d’Portraite wierklech just nach op déi offiziell Plaze, wou se de representative Charakter kënne rëmspigelen."
Eng Haapttulafstell, fir seng Foto arummen ze loossen, ass d’Galerie Schortgen an der Stad. Scho viru 25 Joer, wou de Grand-Duc Guillaume op den Troun koum, huet sech de Familljebetrib ëm d’Encadrementer gekëmmert. Deemools krute si den offiziellen Optrag vum Staat an hu ronn 15.000 Rummen hiergestallt, d‘Fotoen agerummt an deenen eenzele Cliente gestallt.
"Viru 25 Joer, do war dat natierlech e ganz groussen Optrag fir eis. Do hu mir d’Charge kritt 15.000 Rummen ze maachen, déi d’Clienten zur Verfüügung gestallt kritt hu vum Lëtzebuerger Staat. Fir eis war dat e ganz groussen Optrag an et war e richteg grousse Familljeprojet, wou mer wéi an enger Fabrick, déi Rummen hiergestallt hunn."
Haut gesäit dat Ganzt e bëssen anescht aus. Vue dass et keng Obligatioun gëtt, sech eng Foto am Büro, an der Lobby, oder am Geschäft opzehänken a mëttlerweil méi wéi zwee Joerzéngte vergaange sinn, an deenen d’Monarchie ëmmer méi u Bedeitung bei der Bevëlkerung verluer huet, ginn och vill manner Fotoe bestallt. Den Ament schwätzt den CTIE vun engen 2.000 bestallte Fotoen an d’Galerie Schortgen huet bis ewell 150 dovunner agerummt. Et erwaart ee sech an de nächsten Deeg awer nach vill weider Bestellungen, seet de Galerist Maurice Schortgen.
"Mir mierken awer dass elo wierklech vill Commande kommen, mir hunn och scho vill Commanden. Mir leien elo em 150 Stéck. Dat wäert awer warscheinlech nach klammen. Mir wëssen awer net wéi vill et der herno schlussendlech genau sinn. Dat weist dann d’Zäit."
Et huet een also och d’Méiglechkeet um Internet, oder an de grousse Surfacen eng Rumm ze kafen. Dat wier awer net onbedéngt vu Virdeel, well d’Fotoen esou schnell kéinte verblatzen, oder sech Dreck ënnert dem Glas sammelt.
"Déi Fotoen, déi si gedréckt. Déi vergilbe mat der Zäit, wann een do net e gutt Glas drop mécht. Dat ass denken ech och grousse Virdeel, wann ee bei en Encadreur geet, dass déi Qualitéit einfach garantéiert ass. Wann der esou Wiesselrummen huelt, déi der villäicht an de grousse Surface kaaft, oder dir hutt Rummen, déi der um Internet bestellt, déi kritt der och net richteg zou gemaach, dass keng Déieren dra ginn, dass kee Stëbs dra kënnt a mat der Zäit wäert een do natierlech den Ënnerscheed da mierke, wann déi e puer Joer hänken.“
Dofir schafft d’Galerie Schortgen besonnesch virsiichteg, fir ze garantéieren, dass déi nei Fotoen och iwwert déi nächste 25 Joer schéin erhale bleiwen. Dëse Prozess, vum Virbereede vum Material, bis alles fäerdeg agerummt ass, dauert pro Foto ongeféier annerhallef Stonn, well alles an Handaarbecht entsteet. Et ginn och verschidde Virschrëfte, wéi d’Foto an enger Rumm muss hänken, wat d’Galerie Schortgen ganz präzis anhält.
Et muss nämlech nach e Passepartout vun enger gewësser Breed an der Rumm sinn an et muss een och oppassen, keng Deeler vun der Foto mam Passepartout ze iwwerdecken. Der neier Grande-Duchesse hir Bee sinn zum Beispill ënnert hirem Rack ze erkennen an dat soll och esou bleiwen. De Passepartout dierf dës also net iwwerdecken.
Theoretesch gëtt et och d’Méiglechkeet, déi al Rumm vum Grand-Duc Henri senger Foto ze halen, ma d’Format vun de neie Fotoen ass awer net dat nämmlecht, dat heescht déi Rumm passt net méi ronderëm.
D’Galerie Schortgen bitt dofir awer genee déi selwecht Rumm nach eng Kéier an engem neie Format un, eng Offer déi och vill géif genotzt ginn. Donieft kritt een awer och nach zwou méi modern Rummen ugebueden, déi de Stil vun deenen neie Fotoen ënnersträichen. Natierlech kann een awer och selwer kreativ ginn a sech seng ganz eege Rumm eraussichen.
Bis den Trounwiessel ass nach vill ze maachen an och duerno huet een ëmmer nach d’Méiglechkeet seng Foto bei der Galerie Schortgen arummen ze loossen.