Formel 1Lando Norris start um Hungaroring vu ganz vir

RTL Lëtzebuerg
Duerch de McLaren-Pilot steet Mercedes fir d'éischt Kéier an dëser Saison net op der Pole Position. Et ass déi lescht Course virun der Summerpaus.
© ATTILA KISBENEDEK/AFP

De Lando Norris brécht d'Mercedes-Serie vun de Pole-Positions a start eng 17. Kéier vun der éischter Plaz bei engem Formel-1-Grand-Prix. Hannert dem amtéierende Weltmeeschter starten de Charles Leclerc, den Oscar Piastri, de Max Verstappen, de Lewis Hamilton, den Georges Russel an de Kimi Antonelli.

Et ass déi éischt Kéier an dëser Saison, dass kee Mercedes op der Pole Position a souguer an der éischter Startrei steet.

Den Norris konnt sech a senger leschter Ronn nach laanscht den Hamilton drécken. De Britt hat och an deenen zwee éischte Qualifikatiounstier déi séierst Zäit an de Makadamm gebrannt.

Den Hamilton krut nodréiglech eng Strof vun dräi Plazen opgebrummt, dat well hien de Piastri op senger séierer Ronn behënnert hat, a geet vun der fënnefter Positioun an d'Course.

Mercedes huet net seng bescht Leeschtung gewisen. Den Antonelli an de Russell konnte sech esou just fir de Q3 qualifizéieren an haten op hirer leschter séierer Ronn Pech, dass de Max Verstappen sech an der leschter Kéier gedréit an domat kuerzzäiteg e giele Fändel ausgeléist hat.

Den Antonelli krut an deem Kontext eng Strof vun dräi Startplazen, well hien ënnert dem giele Fändel ze séier war. De Russell muss säin Auto nom Qualifying nach um Circuit stoe loossen.

Den Nico Hülkenberg duerft sech iwwerdeems eng weider Kéier freeën, mat sengem Audi an de Q3 komm ze sinn.

No ville Versich konnt de Fernando Alonso am Aston Martin sech mol nees fir de Q2 qualifizéieren. Mee fir méi wéi déi 16. Plaz sollt et um Enn net duergoen.

Am Q2 war ausserdeem Schluss fir de Liam Lawson, Pierre Gasly, Franco Colapinto, Gabriel Bortoleto an den Esteban Ocon. Schonn direkt am Q1 waren den Oliver Bearman, dem Alonso säi Coequipier Lance Stroll, béid Williams- a béid Cadillac-Piloten eliminéiert ginn.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

F1 2026 Kalenner

FORMULA 1 AWS HUNGARIAN GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO