Beim Qualifying vum Grousse Präis vun der Belsch huet sech de Kimi Antonelli d'Pole Position geséchert. De Mercedes-Pilot start domat e Sonndeg ëm 15:00 Auer vun der Pole Position virum Max Verstappen an dem George Russell.
De Weltmeeschter Lando Norris war am Q3 eigentlech den Drëtte ginn, hie start e Sonndeg wéinst Ännerungen u sengem Gefier awer 10 Plaze méi hannen. Fir de Fernando Alonso an den Isack Hadjar gouf et souguer eng Strof vun 20 respektiv 30 Plazen, wouduerch si nieft dem Lance Stroll, deen och eng Strof vun 10 Plaze krut huet, vu ganz hannen un den Depart ginn.
De Q1 hate wéi erwaart béid Pilote vun Aston Martin Lance Stroll a Fernando Alonso als Schlussliicht ofgeschloss, dat mat iwwer 2 Sekonne Retard op déi 20. Plaz. Nieft hinne war de Qualifying dann och scho fir de Sergio Perez, Valtteri Bottas, Esteban Ocon an Alexander Albon eriwwer. Den Albon huet déi 16. Plaz dobäi just ganz knapp ëm siwen Dausendstel Sekonne verpasst.
Am Q2 war da fir den Oliver Bearman, Carlos Sainz Jr., Nico Hülkenberg, Franco Colapinto, Pierre Gasly a Liam Lawson d'Session eriwwer. Un der Spëtzt gouf am Q3 dann no enger kuerzer Ënnerbriechung wéinst Kräsi um Circuit mat Spannung op d'Decisioun ëm d'Pole Position gekuckt. Hei konnt um Enn de Kimi Antonelli mat enger staarker Ronn seng Konkurrenz wäit hannert sech loossen.