
Hannert dem Antonelli koume beim Grousse Präis vun der Belsch de Charles Leclerc an de Max Verstappen op d'Plazen 2 an 3. Enttäuschend ass d'Course fir den George Russell verlaf, deen den Auto nom éischten Tour duerch eng Kollisioun huet missen ofstellen. Am General baut den Antonelli seng Avance aus. Neien Zweeten ass duerch de fréien Out vum Russell de Lewis Hamilton.
Nom Start gouf am éischten Tour d'Klassement schonn duerchernee gerëselt. Nodeems et e puer Iwwerhuelmanövere gouf, war den George Russell ongedëlleg a wollt den Hamilton iwwerhuelen. De Ferrari-Pilot konnt net méi reagéieren an et koum zur Kollisioun tëscht béide Piloten. An der Suite huet de Russell säin Auto missen ofstellen an de Safety Car koum raus. Den Antonelli war weiderhin op der éischter Plaz, hannendrun hat sech der Leclerc op déi 2. Plaz verbessert. Verstappen, Piastri an Hamilton waren deen Ament op de Plazen 2 bis 5.
Nodeems de Safety Car an der 5. Ronn d'Streck nees verlooss hat konnt de Verstappen laanscht de Leclerc an den Hamilton laanscht de Piastri fueren. Un der Spëtzt blouf et tëscht dem Antonelli an dem Verstappen ëm déi éischt Plaz an tëscht dem Leclerc, Hamilton a Piastri an der Lutte ëm déi 3. Plaz spannend. Et sollt awer bis zu den éischte Boxestoppen näischt passéieren. Fir Ferrari ass den éischte Stopp vum Leclerc awer opgaangen. Duerch e virtuelle Safety Car konnt de Monegass laanscht den Antonelli an de Verstappen zéien. Den Hamilton hat seng Positioun duerch eng 5-Sekonne-strof un de Piastri verluer.
De Leclerc konnt sech duerno laang un der Spëtzt halen, den Antonelli koum awer ëmmer méi no an 10 Ronne viru Schluss ass den Italieener laanscht de Monegass gezunn. Hannendru konnt de Verstappen seng Avance op de Piastri bäibehalen. Den Hamilton konnt an de leschte Ronnen awer laanscht de Piastri zéien. Un där Reiefolleg sollt sech bis zum Schluss näischt méi änneren. Den Antonelli konnt seng 6. Victoire virum Leclerc an dem Verstappen feieren. Hannendru koumen den Hamilton, de Piastri an den Hadjar op d'Plaze 4 bis 6. Den Hadjar war vun der zweetleschter Plaz fortgefuer a konnt sech also wäit no vir schaffen. Norris a Bortoleto koumen op de Plaze 7 an 8 un. Déi lescht Punkte goungen un de Lindblad an de Colapinto.