Formel 1: Grousse Präis vu São PauloVictoire fir de Lando Norris, Constructeurstitel geet u Mercedes

Jeff Birsens
D'lescht Woch ass hire Pilot Weltmeeschter ginn. A Brasilien konnt Mercedes dann elo och de Constructeurstitel feieren
McLaren's British driver Lando Norris races during the Sao Paulo Formula One Grand Prix at the Jose Carlos Pace racetrack, aka Interlagos, in Sao Paulo, Brazil on November 8, 2026. (Photo by Miguel SCHINCARIOL / AFP)
De Lando Norris huet d'Course um Circuit Interlagos gewonnen.
© AFP

Eng Woch no der Decisioun ëm de WM-Titel ass et e Sonndeg a Brasilien weidergaangen. Um Circuit zu São Paulo war d'Victoire um Enn fir de Lando Norris, dee seng Féierung vun der Pole direkt nom Depart zwar verluer hat, ma duerch ee Probleem mam Auto fir de Kimi Antonelli nees op P1 zréckfonnt hat. Fir de McLaren-Pilot ass et déi 14. Victoire a senger Karriär.

Duerch d'Plaze 4 a 5 ass et fir Mercedes a Brasilien net fir eng Plaz um Podium duergaangen, dofir konnt d'Ecurie sech awer de Constructeurstitel sécheren.

Resumé

Kee gudde Start huet de Lando Norris um Circuit Interlagos erwëscht. Direkt bannent där éischter Kéier ass et dem frësche Weltmeeschter Kimi Antonelli gelongen, sech laanscht de McLaren-Pilot un d'Spëtzt vun der Course ze setzen. Och de Liam Lawson krut sech dobäi laanscht den Norris op P2 gesat.

Een immens gudden Depart war et och fir de Lewis Hamilton an de Max Verstappen, déi sech schonn um Enn vun der éischter Ronn vu P20 op P9 virgekämpft respektiv vu P21 op P12 no vir gekämpft krut hunn.

Un der Spëtzt konnt sech wärenddeems de Kimi Antonelli a sengem Mercedes no an no ofsetzen an ee relativ komfortabelen Ecart vun tëschenzäitlech knapp zéng Sekonnen opbauen.

Wéi du vill Piloten an d'Box geruff goufen, fir op Softpneuen ze wiesselen, huet den George Russell sech beim Erausfuere gedréint, sou datt kuerz de Giele Fändel ausgeléist gouf. Bal wier him dobäi nach de Piastri op d'Nues gefuer. Just kuerz drop dann deen nächste Probleem bei Mercedes: E puer Sekonnen, nodeems de Kimi Antonelli Probleemer mat sengem Auto gemellt huet, ass de Weltmeeschter vum Circuit ofkomm.

Den Antonelli krut sech zwar gefaangen, ma duerch dee ganze Manöver konnt de Lando Norris profitéieren a sech nees un d'Spëtzt vun der Course setzen, dat virum Hadjar. Och no dësem Tëschefall hat den Italieener weider Probleemer mat sengem Auto an no enger weiderer kuerzer Sortie war dann och de Max Verstappen laanscht.

An der zweeter Hallschent vun der Course huet dann de Reen nach eemol fir Spannung gesuergt. All d'Piloten, déi op Soft gewiesselt haten, hunn nach eemol missen an d'Box. Un der Spëtzt sollt de Reen awer keng gréisser Auswierukunge méi hunn. De Lando Norris huet sech säin Ecart net méi huele gelooss a wënnt um Enn de Grousse Präis vu São Paulo.

Kee gudden Dag war et donieft fir Ferrari, fir déi just Plaz 7 an 9 erausgesprongen ass. Net op en Enn gefuer hunn d'Course de Valtteri Bottas an de Lance Stroll.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 Kalenner Saison 2026
Fannt am Dokument déi genee Iwwerdroungszäite vun der Formel 1 op RTL.

FORMULA 1 GRAND PREMIO DE LA CIUDAD DE MEXICO 2026

Back to Top
CIM LOGO