Schrëtt fir Schrëtt - Anna a Marc “Et mengt een ëmmer, esou eppes geschitt just deenen aneren.”

Anouk Siebenaler
D’Anna an de Marc hunn 2024 onerwaart hire Bouf verluer. Den Emil hat 20 Méint, wéi hien un Organversoe gestuerwen ass. De Grond dofir ass bis haut ongekläert.

D’Koppel sicht hire Wee, mat der Trauer weider ze liewen. Si hu ganz ënnerschiddlech Weeër domat ëmzegoen, wat si och als Koppel op d'Prouf stellt. De Marc mécht vill mat sech selwer aus, wärend d'Anna op soziale Medien den Austausch sicht a sech och spirituell mat dem Thema ausernee setzt. Am November 2025 si si eng zweete Kéier Eltere ginn.

An der Dokuserie begéine mer d’Anna an de Marc eng éischte Kéier am Januar, wéi den Théo grad 3 Méint aal ass an den Emil 3 Joer kritt hätt. Mir begleede si duerch d’Joer wou si net just hir Geschicht mat eis deelen ma mir och gesinn, wéi eng Roll den Emil an d’Trauer ëmmer nach an hirem Liewe spillen a wéi si domat ëmginn.

Schrëtt fir Schrëtt: Anna a Marc 1
D’Anna an de Marc hunn 2024 onerwaart hire Bouf verluer.

Den Emil hat 20 Méint wéi hien un Organversoe gestuerwen ass. D'Anna an de Marc deelen hir Erënnerungen un den Dag, wéi si hire Bouf onerwaart hu misse goe loossen.

Schrëtt fir Schrëtt: Anna a Marc 2
Den Emil hat 20 Méint wéi hien un Organversoe gestuerwen ass.

Duerch hire Schicksalsschlag hunn d'Anna an de Marc sech nach emol anescht kennegeléiert. Si hate ganz ënnerschiddlech Weeër, mat der Trauer ëmzegoen, wat si och als Koppel op d'Prouf gestallt huet. Si hu geléiert, dass Trauer näischt ass, wat een iwwerwënnt, mä eppes woumat ee léiere muss, ze liewen.

Schrëtt fir Schrëtt: Anna a Marc 3
Duerch hire Schicksalsschlag hunn d’Anna an de Marc sech nach emol anescht kennegeléiert.

Wéi den Emil nach gelieft huet, huet d'Anna op sengem Instagram-Kanal als Stëllberoderin iwwert d'Thema Nieren opgekläert. Mëttlerweil notzt hatt den Account, fir Ablécker a säi Liewen a säin Ëmgang mat der Trauer ze ginn.

Schrëtt fir Schrëtt: Anna a Marc 4
Wéi den Emil nach gelieft huet, huet d’Anna op sengem Instagram-Kanal als Stëllberoderin iwwert d’Thema Nieren opgekläert.

A senger Trauer huet d'Anna an der Spiritualitéit eng Stäip fonnt. Hatt huet ugefaangen, Zeechen ze erkennen, déi fir hatt e klore Beweis fir e Liewen nom Doud sinn. Hatt huet sech vill domat beschäftegt an ass mëttlerweil ënnert anerem a reegelméissegem Austausch mat engem Medium.

Schrëtt fir Schrëtt: Anna a Marc 5
A senger Trauer huet d’Anna an der Spiritualitéit eng Stäip fonnt.

Kuckt hei nach emol all d'Episode vun der Doku-Serie Schrëtt fir Schrëtt oder elo och déi eenzel Geschichte beieneen:

Iwwersiicht vun den Artikele vun der Doku-Serie "Schrëtt fir Schrëtt"

Back to Top
CIM LOGO