Déi 22. Editioun steet och am Zeeche vum 85. Gebuertsdag vum Veräin.
64 Ekippe vun 18 verschiddene Veräiner spille Futtball. Vun de Bambinis bis bei d'Minimes. 70 fräiwëlleg Leit hëllefen dem Organisatiounscomité. Vum Iess- iwwer de Gedrénksstand bis bei d'Arbitteren. Jidderee péckt eng Hand mat un.
Am Mëttelpunkt steet de Spaass. Mat Kolleegen a Frëndinne Futtball spillen. Sech amuséieren. Ekippegeescht.
Schonn am Hierscht fänkt de Club mat der Preparatioun vun der nächster Editioun un.