Europa LeagueLeverkusen wënnt op Kreta, Marseille weider ouni Punkt

Theo Mersch
Donieft konnt Bournemouth sech kloer géint Mailand duerchsetzen a Lyon huet géint Hoffenheim verluer.
Duerch zwee Goler vum Hofmann bleift Leverkusen och no 3 Matcher ouni Punktverloscht.
Duerch zwee Goler vum Hofmann bleift Leverkusen och no 3 Matcher ouni Punktverloscht.
© COSTAS METAXAKIS / AFP

Am Futtball stoung en Donneschdeg den Owend den 3. Spilldag vun der Ligaphas an der Europa League um Programm. Benfica, Leverkusen a Bournemouth leie mat 9 Punkten aus 3 Matcher elo ganz vir an der Tabell. Juventus huet géint Rennes dogéint déi éischt Punkte leie gelooss, wärend Marseille a Lyon allebéid auswäerts verluer hunn.

Leverkusen konnt sech auswäerts 2:0 géint OFI Kreta duerchsetzen a bleift domat weider ouni Punktverloscht. Anescht wéi nach Hoffenheim um 1. Spilldag huet d'Werkself d'Partie op der griichescher Insel vun Ufank un dominéiert a louch duerch zwee Goler vum Hofmann schonn no 45 Minutte confortabel a Féierung. Och no der Paus konnt d'Lokalekipp sech kaum Chancen erausspillen, wärend de Leverkusener déi néideg Effizienz virum Gol gefeelt huet. Sou ass et bis zum Schluss beim Score vun 0:2 bliwwen.

Juventus Turin huet dogéint fir déi éischte Kéier Punkte leie gelooss, nodeems een doheem net iwwert en 2:2 géint de Stade Rennes erauskomm ass. Nom fréien 1:0 vum Çelik konnten d'Fransousen de Match nach virun der Paus duerch e Gol vum Tamari an en Eelefmeter vum Dia dréinen. Am zweeten Duerchgang waren d'Bianconeri dann déi méi geféierlech Ekipp a konnten duerch een Eelefmeter vum Woltemade nees egaliséieren, fir méi sollt et awer net duergoen.

Bei Marseille ass de Feelstart an dës Europa-League-Campagne elo mat der 3. Defaite am 3. Match perfekt. Auswäerts bei Sturm Graz sinn d'Fransousen schonn no enger knapper Véierelsstonn duerch ee Gol vum Diakité a Réckstand geroden. An der Suite haten d'Visiteuren zwar däitlech méi Ballbesëtz, gutt Geleeënheeten goufen et awer de Rescht vum Match iwwer just ganz seelen. Mat dësem 1:0 feieren d'Éisträicher hiren éischte Succès vun dëser Ligaphas, wärend Marseille weider op e Punkt waart.

Bournemouth hat géint AC Mailand de bessere Start erwëscht an ass duerch een Eelefmeter vum Kluivert schonn no 8 Minutten a Féierung gaangen. No enger hallwer Stonn ass et du fir d'Italieener nach méi schlëmm komm, well de Golkipp Maignan wéinst engem Stouss an d'Gesiicht vum Terrain gestallt gouf. Den Tavernier konnt de fällegen Eelefmeter verwandelen an domat scho fir d'Virentscheedung suergen. D'Mailänner sinn de ganze Match iwwer kaum méi an de géigneresche Strofraum komm a kuerz viru Schluss huet den Adli du mam 3:0 den Deckel dropgemaach.

Am Kraichgau huet och Hoffenheim Lyon mat 3:0 geklappt, woumat ee sech iwwer déi éischt Punkte freeë kann. Um Enn vun engem ausgeglachenen éischten Duerchgang huet de Kramarić an der Nospillzäit per Kapp den 1:0 fir d'TSG geschoss. Kuerz nom Säitewiessel konnten d'Hoffenheimer vun engem Feeler am Spillopbau vu Lyon profitéieren an duerch den Daghim erhéijen. Den Tabelleleader vun der Ligue 1 ass och nom Réckstand offensiv harmlos bliwwen, a sou huet de Hlozek de Match an der Schlussphas endgülteg entscheet.

Ouni de Leandro Barreiro, deen aktuell wéinst enger Muskelverletzung feelt, huet Benfica Lissabon sech 4:1 bei Omonia Nikosia duerchgesat. No 3 Spilldeeg hunn d'Portugisen deemno weiderhi kee Punkt leie gelooss, woumat si elo neien Tabelleleader sinn.

Um 2. Spilldag vun der Ligaphas an der Conference League huet Iberia 1:1 géint Mjällby gespillt a sech domat hiren éischte Punkt geséchert. De Vahid Selimović stoung bei de Georgier de ganze Match iwwer um Terrain.


All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Europa League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO