Den Iwwerbléck vum internationale FuttballAC Mailand an Neapel setzen Inter ënner Drock

RTL Lëtzebuerg
Wärend d'Bundesliga, d'Ligue 1 an d'La Liga eng kleng Paus aleeën, geet de Spillbetrib an der Premier League an an der Serie A weider.
© PIERO CRUCIATTI/AFP

E Sonndeg ass och de Leandro Barreiro am Asaz. Benfica Lissabon spillt ab 19 Auer bei Sporting Braga. Braga huet als Fënneften an der Tabell schonn 10 Punkte Réckstand op Benfica op Plaz 3.

Premier League

Crystal Palace - Tottenham 0:1
0:1 Gray (42')

Et war en Duell vun Ekippen aus dem Mëttelfeld vun der Tabell. Den Drock louch awer bei Tottenham, fir den Uschloss un d’international Plazen net ze verléieren. Crystal Palace hat an der éischter Hallschent d’Iwwerhand, konnt seng Hellewull u Chancen awer net notzen. D’Spurs hu sech laang op d’Defense konzentréiert an dann äiskal hir zweet Golchance genotzt an den 1:0 markéiert. De Richarlison hat de Ball schonn an der 17. Minutt am géigneresche Filet ënnerbruecht, de Gol gouf awer wéinst Abseits oferkannt. Dat selwecht soll him an der 75. Minutt widderfueren. Crystal Palace huet op den Ausgläich gedréckt, gouf um Enn awer net belount.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

AC Mailand - Verona 3:0
1:0 Pulisic (45'+1), 2:0 Nkunku (48', Eelefmeter), 3:0 Nkunku (53')

Den AC Mailand ass no der Victoire géint Verona provisoresch nees Tabellenéischten an Italien. Inter Mailand kann awer den Owend nach nozéien, awer just mat enger Victoire nees un d’Tabellespëtzt sprangen. Verona konnt déi wéineg Chancë vu Mailand ofwieren, mee nach virun der Paus sollt de Knuet fir d’Rossoneri opgoen. Nodeem den Nkunku am Strofraum gefoult gouf, huet de Fransous den Eelefmeter selwer verwandelt a kuerz drop mat engem zweete Gol nogeluecht. Domat war de Match gelaf. Et bleift dobäi, dass Verona nach ni am San Siro gewonnen huet - weeder géint d’Rossoneri nach géint Inter Mailand.

Cremonese - Neapel 0:2
0:1 Höjlund (13'), 0:2 Höjlund (45')

Mat dëser Victoire bleift Neapel ee Punkt hannert dem AC Mailand. Cremonese war wuel déi méi aktiv Ekipp, mee den amtéierende Champion huet a senge wéinege geféierlechen Aktioune säi ganzt Kënne gewisen. Den Höjlund huet zwee Mol äiskal zougeschloen an d’Napolitaner fréi op d’Gewënnerstrooss bruecht. Och am zweeten Duerchgang hunn d’Gäscht net méi gemaach wéi néideg an de Virsprong iwwer d’Zäit bruecht.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Back to Top
CIM LOGO