
E Sonndeg den Owend war de Leandro Barreiro Deel vum Spëtzematch an der portugisescher Liga. Seng Ekipp Benfica Lissabon war beim Tabellefënnefte Sporting Braga op Besuch. No 90 Minutten hu sech béid Ekippen 2:2 getrennt, woumat Benfica warscheinlech weider Punkten op Sporting an den FC Porto verléiert - béid Ekippe spillen hir Matcher nach. Nodeem den Otamendi d’Gäscht a Féierung geschoss hat, krut Braga de Match nach virun der Paus gedréint. Direkt nom Säitewiessel konnt Benfica den Ausgläich markéieren. De Leandro Barreiro gouf an der 80. Minutt ausgewiesselt.
Um Freideg huet den Anthony Moris a Saudi-Arabien mat Al Khaleej knapp mat 2:3 beim Tabellenzweeten Al Hilal verluer. De Golkipp stoung de ganze Match tëscht de Pottoen. Al Khaleej läit an der Mëtt vun der Tabell an huet den Ament weder eppes mam Ofstig nach mat de viischte Plazen ze dinn.
An der 2. italieenescher Liga gouf et um Samschdeg eng 1:0-Victoire fir Venedeg géint Virtus Entella. De Seid Korac souz de ganze Match op der Bänk. An der Tabell läit Venedeg op der 3. Plaz an huet just nach dräi Punkte Retard op de Leader Frosinone.