
An der Premier League hunn Arsenal a Manchester City hir Partië gewonnen a sti weiderhin op den zwou éischte Plazen an der Tabell. An der Spëtzepartie war Chelsea doheem Aston Villa ënnerleeën.
An der Serie A huet Florenz no 17 Spilldeeg just eng Victoire um Kont a bleift op der leschter Tabelleplaz. An der Serie B huet Venedeg géint Virtus Entella gewonnen. Aus Lëtzebuerger Siicht souz bei der Heemekipp de Seid Korac de ganze Match op der Bänk.
Nottingham - ManCity 1:2
0:1 Reijnders (48'), 1:1 Hutchinson (54'), 1:2 Cherki (83')
Manchester City huet zu Nottingham den 8. Succès um Stéck gefeiert. D’Ekipp vum Pep Guardiola huet sech awer schwéier gedoen. An der éischter Hallschent gouf et kee Schoss op de Gol. Nottingham huet mat Leidenschaft verdeedegt konnt awer och kee Gol markéieren. Direkt nom Säitewiessel sinn d’Gäscht mam éischte Schoss op de Gol a Féierung gaangen. No enger flotter Pass vum Cherki huet de Reijnders de Ball am Filet ënnerbruecht. Nottingham huet net laang gebraucht, fir ze reagéieren an den Hutchinson konnt no engem Konter ausgläichen. An der Suite gouf et Chancen op béide Säiten, de Lucky Punch ass awer dem Favorit gelongen. 7 Minutte viru Schluss konnt den Cherki mat engem schéinen Dropkick den entscheedende Gol markéieren.
Arsenal - Brighton 2:1
1:0 Ödegaard (14'), 2:0 Rutter (52', Selbstgol), 2:1 Gomez (64')
Arsenal war an der 1. Hallschent staark ënnerwee a louch no 14 Minutten duerch e Gol vum Ödegaard 1:0 a Féierung. Dat war och d’Resultat an der Paus, obwuel d’Gunners en zweete Gol hätte kéinten noleeën. Dee sollt an der 52. Minutt falen. No engem Corner huet de Rutter de Ball an den eegene Filet deviéiert. 12 Minutten drop sinn d’Gäscht aus dem Näischt erukomm. De Gomez konnt den 1:2 markéieren. Brighton war besser an der Partie an huet an der 77. Minutt eng grouss Chance op den 2:2 leie gelooss. An der Suite huet d’Heemekipp de Match geréiert an et blouf beim knappen 2:1.
Liverpool - Wolverhampton 2:1
1:0 Gravenberch (41'), 2:0 Wirtz (42'), 2:1 Bueno (52')
Liverpool huet sech géint den Tabelleleschte ronn 40 Minutte misse gedëllegen, zwee Goler noeneen hunn de Favorit awer op d’Gewënnerstrooss bruecht. De Gravenberch konnt den 1:0 markéieren. De Florian Wirtz huet mat sengem éischte Gol am Dress vu Liverpool de Virsprong verduebelt. Nom Säitewiessel konnten d’Wolves no engem Corner duerch de Bueno verkierzen. Liverpool huet de Fouss awer net vum Gas geholl an huet sech eng Chance no der anerer erausgespillt. Et ass awer spannend bliwwen, well d’Ekipp vum Arne Slot de Ball net iwwer d’Linn gedréckt krut. Um Enn blouf et awer bei der knapper Victoire fir d’Reds.
Chelsea - Aston Villa 1:2
1:0 Pedro (37'), 1:1 Watkins (63'), 1:2 Watkins (84')
D’Heemekipp ass gutt an d’Partie erakomm a war an den éischten 30 Minutten déi dominant Ekipp um Terrain. Dräi gutt Chancë bloufe vun de Blues awer ongenotzt. An der 37. Minutt war et esou wäit. De Pedro konnt no engem Corner de Ball an de Gol wurschtelen. Mat deem Resultat ass et och an d’Kabinne gaangen. Et huet en dräifache Wiessel an der 59. Minutt op der Säit vun Aston Villa gebraucht, fir datt d’Gäscht an d’Partie koumen. Véier Minutte méi spéit ass dem Joker Watkins den Ausgläich gelongen. Chelsea war elo vum Rullo an hat Chance keen zweete Géigegol ze kasséieren. An de leschten 10 Minutten ass et hin an hier gaangen, de Gäscht ass 6 Minutte viru Schluss den 2:1 gelongen. Et war nees de Watkins, deen de Ball no engem Corner eragekäppt huet. E weidere Gol ass net méi gefall. Mat deem Succès konnt Aston Villa 11 Matcher um Stéck gewannen, d’Ekipp vum Unai Emery huet domadder e Rekord aus dem Joer 1914 gebrach. An der Tabell bleift Villa op der 3. Plaz mat 3 Punkte Retard op de Leader Arsenal.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Parma - Florenz 1:0
1:0 Sorensen (48')
Den Tabelleleschte Florenz huet zu Parma veronséchert gewierkt a war offensiv an der 1. Hallschent harmlos. Parma hat liicht méi vum Match, konnt de Ball awer och net am Gol ënnerbréngen. D’Heemekipp konnt duerno awer an der 48. Minutt duerch de Sorensen a Féierung goen. D’Gäscht waren elo méi waakreg an hu sech deelweis gutt Méiglechkeeten erausgespillt. E Gol sollt awer net méi falen. Florenz huet an der Saison déi 10. Defaite agestach a steet weiderhi ganz ënnen an der Tabell.
Udinese Calcio - Lazio Roum 1:1
1:0 Vecino (80'), 1:1 Davis (90+5')
An der éischter Hallschent ass op béide Säiten net vill geschitt, esou datt d’Säite mam 0:0 gewiesselt goufen. Et war och an der 2. Hallschent eng schwaach Partie, no 70 Minutten hat just Udine de Ball eemol cadréiert. An der Schlussphas ass Lazio erwächt an de Vecino konnt an der 80. Minutt den 1:0 fir d’Gäscht markéieren. Et huet laang no der Victoire fir Lazio ausgesinn. Mat der leschter Aktioun konnt den Davis fir Udine awer nach ausgläichen. Béid Ekippe bleiwen an der Mëtt vun der Tabell stiechen.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A