Coupe am Futtball, 2. TourUS Esch aus drëtter Divisioun trëfft op UNA Stroossen

Tom Nols
Bei der FLF sinn e Mëttwoch ënnert anerem d'Matcher vun der zweeter Ronn an der Coupe de Luxembourg ausgeloust ginn. De Coupe-Gewënner Déifferdeng trëfft op Useldeng.
© Val Wagner

Den aktuelle Coupe-Gewënner FC Déifferdeng 03 fiert bei d'Jeunesse vun Useldeng aus der éischter Divisioun. Op Housen geet et fir de Racing FC Union Lëtzebuerg.

Den Daring Iechternach kritt de Swift Hesper op Besuch, wärend Wolz zu Sandweiler wäert untrieden a Stroossen aus der BGL Ligue trëfft op d'US Esch aus der drëtter Divisioun.

D'US Hueschtert ass zu Steesel de Favorit, d'UNA Stroossen huet d'US Esch-Uelzecht aus der drëtter Divisioun zougeloust kritt an den F91 wëllt sech zu Dikrech net iwwerrasche loossen.

D'Etzella Ettelbréck fiert op d'Musel bei den FC Schengen, Munneref ass bei Kiischpelt Wëlwerwolz zu Gaascht an d'Jeunesse vun Esch wäert sech op Baastenduerf aus der zweeter Divisioun deplacéieren.

Gréiwemaacher kritt Walfer op Besuch, Rouspert trëfft op Suessem an de Champion Biissen spillt géint de Red Black Lëtzebuerg aus der éischter Divisioun.

Mam Progrès kritt Koplescht et ze dinn, Käerjeng fiert op Mensder an den FC Préizerdaul Réiden huet d'US Rëmeleng op Besuch.

D'Matcher vum zweeten Tour an der Coupe de Luxembourg si fir de Weekend vum 20. September 2026 virgesinn. Donieft sinn och d'Matcher vun den nächste Ronnen an der Coupe FLF an an der Coupe vun de Reserve gezu ginn.

Klickt op de Link hei drënner, fir alleguer d'Matcher am Iwwerbléck ze gesinn:

Wie spillt géint wien am zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg?

Liest dozou och:

D'Resultater aus dem éischten Tour:

Back to Top
CIM LOGO