Champions LeagueBayern séchert sech den Ticket fir d'1/8-Finallen, Benfica a Barreiro mussen zidderen

Jeff Birsens
E Mëttwoch den Owend war an der Champions League d'Suite vum zweetleschte Spilldag an der Ligaphas. Dobäi gouf et souwuel un der Tabellespëtzt, wéi och am Keller schonn déi eng oder aner Decisioun.
Bayern Munich's English forward #09 Harry Kane (C) celebrates after scoring the penalty goal 2-0 during the UEFA Champions League football match between FC Bayern Munich (GER) and Royale Union St-Gilloise (BEL) in Munich, southern Germany, on January 21, 2026.
© AFP

Den FC Bayern huet sech mat enger Victoire géint d’Union Saint-Gilloise als zweet Ekipp nieft dem FC Arsenal den Ticket fir d’K.O.-Phas geséchert. Hannendru bleift et an der Tabell virum leschte Spilldag nach op ville Plaze spannend.

Ganz schwiereg, sech nach eng Plaz an de Playoffs ze huelen, gëtt et beispillsweis fir Benfica an de Leandro Barreiro. Um Mëttwochowend huet de Veräin vu Lissabon mam Lëtzebuerger an der Starteelef mat 0:2 bei Juventus Turin verluer. Um leschte Spilldag waart da keen anere wéi Real Madrid, géint deen een dräi Punkten an och Hëllef vun deenen aneren Terraine brauch.

Keng Chance méi op e Weiderkommen huet nieft Slavia Prag och Eintracht Frankfurt. Fir den däitsche Veräin vum Main gouf et eng batter 2:3-Defaite an der Nospillzäit bei Qarabag am Aserbaidjan.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Bayern - Saint-Gilloise 2:0
1:0 Kane (52'), 2:0 Kane (55')

D'Goler vum Match Bayern géint Union Saint-Gilloise
Den Harry Kane huet mat sengen zwee Goler no der Paus de Match fir d’Bayern entscheet

De Match zu München huet sou ugefaangen, wéi een e sech am viraus virstelle konnt. D’Bayern mat vill Ballbesëtz, déi probéieren, de Wee laanscht eng déif stoend Ekipp vu Saint-Gilles ze fannen. De Gäscht ass déi defensiv Aarbecht ufanks och zimmlech gutt gelongen. Bis op eng geféierlech Pass op den Harry Kane an de Fënnef-Meter-Raum an en Distanzschoss vum Lennart Karl hat Bayern an der éischter hallwer Stonn keng wierklech Golchance opweises. Op där anerer Säit konnt d’Union Saint-Gilloise souguer zwee Mol selwer geféierlech ginn. Ee Mol ass de Ball no engem Fräistouss just knapp laanscht de Gol gaangen, déi aner Kéier ass de Kappball aus gutt fënnef Meter ze zentral op de Manuel Neuer geschoss ginn. Mat engem 0:0 ass et no 45 Minutten also an d’Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent huet et dann net laang gedauert, bis de Bann fir d’Bayern gebrach war. Fir d’éischt konnt den Harry Kane bei engem Corner de Ball mam Kapp um éischte Potto erakäppen, dräi Minutten drop war den Englänner vum Eelefmeterpunkt äiskal, nodeems en am Strofraum vum Golkipp vun de Been geholl gouf. Eng knapp hallef Stonn viru Schluss gouf et fir d’Bréisseler dann e klengen Trouscht, nodeems de Kim Min-Jae mat senger zweeter Gieler Kaart an d’Dusch geschéckt gouf. Ma och an Ënnerzuel ass et de Bayern gelongen, d’Kontroll iwwert de Match ze halen. Kuerz viru Schluss huet den Harry Kane dann nach een Eelefmeter verschoss an domat och e méiglechen Hattrick verpasst. Dat sollt um Enn bei den dräi Punkten an dem Ticket fir d’K.O.-Phas awer just niewesächlech sinn.

Déi bescht Zeene vum Match Bayern géint Union Saint-Gilloise
An der éischter Hallschent konnten déi Bréisseler richteg gutt dergéinthalen, ma nom Säitewiessel huet sech dann awer d’Klass vun de Bayern duerchgesat

Marseille - Liverpool 0:3
0:1 Szoboszlai (45+1'), 0:2 Frimpong (73'), 0:3 Gakpo (90+2')

Newcastle - PSV Eindhoven 3:0
1:0 Wissa (8'), 2:0 Gordon (30'), 3:0 Barnes (65')

Slavia Prag - Barcelona 2:4
1:0 Kusej (10'), 1:1 Fermin (34'), 1:2 Fermin (42'), 2:2 Lewandowski (44'), 2:3 Olmo (63'), 2:4 Lewandowski (70')

Juventus - Benfica 2:0
1:0 Thuram (55'), 2:0 McKennie (64')

D'Resuméë vun de Matcher Juventus géint Benfica a Slavia Prag géint Barcelona
Fir Benfica gouf et eng Defaite zu Turin a Barcelona konnt sech trotz gudder Géigewier zu Prag duerchsetzen

Chelsea - Pafos 1:0
1:0 Caicedo (78')

Atalanta - Athletic Bilbao 2:3
1:0 Scamacca (16'), 1:1 Guruzeta (58'), 1:2 Serrano (70'), 1:3 Navarro (74'), 2:3 Krstovic (88')

D'Resuméë vun de Matcher Chelsea géint Pafos an Atalanta géint Bilbao
Chelsea ass ee Gol duergaangen, fir sech géint den Underdog Pafos duerchzesetzen a fir Athletic Bilbao gouf et eng Victoire géint Atalanta

Qarabag - Frankfurt 3:2
1:0 Duran (4'), 1:1 Uzun (10'), 1:2 Chaibi (78'), 2:2 Duran (80'), 3:2 Mustafazada (90+4')

Galatasaray - Atlético Madrid 1:1
0:1 Simeone (4'), 1:1 Llorente (20')

D'Resuméë vun de Matcher Galatasaray géint Atlético a Qarabag géint Frankfurt
Wärend Galatasaray an Atlético sech d’Punkte gedeelt hunn gouf et fir Frankfurt am Aserbaidjan a leschter Minutt eng Defaite


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Artikel vum 20. Januar 2026

Back to Top
CIM LOGO